Jean-Pierre Kuborn

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Kuborn
Gebuer 18. Dezember 1796
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Januar 1872
Aktivitéit Libraire, Industriellen
Famill
Bestuet mat Anne-Marie Rinck
Papp Jean Kuborn
D'Gebai vun der Kottengsspënnerei mam eckege Schaarschtech nieft dem Hangar an deem d'Dampmaschinn installéiert war (1855).
D'Fabréck am Joer 1868: lénks d'Fierwerei, déi fréier Millen an der Mëtt a riets d'Kottengsspënnerei.

De Jean-Pierre Kuborn, gebuer 18. Dezember 1796 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. Januar 1872 [1], war de Fils vun der Agathe Bonnecroix an dem Jean Kuborn, dee Bäcker zu Klierf war. Den 29. Oktober 1828 huet hie sech mat der Anne-Marie Rinck aus der Stad bestuet an d'Koppel krut zwéi Bouwen, de Jean-Pierre an de Félix.[2]

Professionell Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Kuborn hat eng Librairie an der Stad, am Dicks sengem Gebuertshaus, um Eck vum Gruef an dem Knuedler. 1842 huet hien dem Alexandre Wiltheim säi Luciliburgensia, sive, Luxemburgum Romanum[3] verkaaft, dat den Auguste Neyen editéiert hat.

Den 30. Juni 1845 huet hie säi Geschäft dem Victor Bück iwwerlooss, warscheinlech fir sech ganz senger neier Tätegkeet als Industriellen ze widmen. Hien hat nämlech virdrun der Famill Eydt e Stéck Land op der Polvermillen ofkaaft, dat nieft hirer Mille louch. Op dem Terrain huet hien am Mee 1840 ugefaangen eng Kottengsspënnerei ze bauen. De Jean-François Eydt, deen deemools Architekt vun der Stad Lëtzebuerg war, huet och d'Pläng fir dem Kuborn seng Spënnerei gezeechent. 1843 huet de Kuborn dem Eydt d'Millen ofkaaft, well dee Sue gebraucht huet fir d'Dott vu senge Schwësteren ze bezuelen.

De 6. Februar 1841 ass deen éischte Gar aus Georgia-Kotteng gesponne ginn. D'Spënnerei hat 2000 Spëndelen an et sollte 50 Aarbechter do schaffen. Se war awer grouss genuch fir dat Duebelt, wann déi nei Industrie genuch Reussite kréich. De Kuborn hat nämlech gewësse Bedenken, well hie sech géint déi franséisch a belsch Fabricken duerchsetze misst, déi alleguer scho méi laang eng Produktioun lafen haten.

Och wann d'Spënnerei op der Polvermille relativ kleng war, ass dach awer op den technesche Fortschrëtt gesat ginn an et goufe Maschinne kaaft mat deenen de Rhythmus vum artisanale Schaffe komplett op d'Kopp gehäit gouf. Wann ee mat engem Spannrad just een eenzele Fuedem gesponnen huet, konnt een der z. B. mat engem industrielle Spannrad (Mule-jenny) eng ganz Rëtsch matenee spannen.

De 27. Dezember 1843 krut d'Firma J. P. Kuborn et Cie d'Autorisatioun fir am Bisserwee eng Fierwerei opzeriichten. 1849 gouf déi zweet Mutuell aus dem Land op der Polvermille gegrënnt an de Jean-Pierre Kuborn war President dovun. D'Zil vun der Mutuell war et, fir d'Aarbechter am Fall vun enger Krankheet oder engem Accident z'ënnerstetzen oder fir e Pensiounsfong ze schafen. 1852 huet de Kuborn am Ganze ronn 100 Leit beschäftegt. Am selwechte Joer huet de Kuborn an eng nei Branche investéiert, dem industriellen Tricotage.

Am Joer 1857 gouf zousätzlech zur hydraulescher Turbinn eng Dampmaschinn vun 12 - 14 PS installéiert, sou datt méi Energie disponibel war an d'Mechanisatioun d'Iwwerhand geholl huet géintiwwer der manueller Aarbecht. Nieft de Bridder Godchaux op der Schläifmille war dem Kuborn ee vun den Eenzegen, deen op dës Energiequell zeréckgegraff huet.

Mam Sezessiounskrich (1861 bis 1865) an den amerikanesche Südstaaten gouf d'Enn vun Entreprise op der Polvermillen agelaut. Tëscht 1860 an 1862 ass de Präis vum amerikanesche Kotteng ëm en dräifacht geklommen. Well 80% bis 90% vum Kotteng aus Amerika importéiert gouf, huet déi enorm Präisdeierecht dozou gefouert, datt d'Produktioun huet missen agestallt ginn. Eng änlech Situatioun gouf et och am Tricotage. De Kuborn huet seng Entreprise schlussendlech den 20. Mäerz 1862 un d'Konsorte Conrot & Lamort verkaaft.

Och wann dem Kuborn seng Entreprise nëmmen 22 Joer bestanen huet, gehéiert se awer zu den Haaptrealisatiounen déi an der éischter Phas vun der Industrialisatioun zu Lëtzebuerg opgemaach goufen.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Kuborn war zanter 1837 Fräimaurer a souz tëscht 1843 an 1860 als Conseiller am Stater Gemengerot. Hie war den éischte Sekretär vun der Handelskummer déi 1841 gegrënnt gi war an huet bannent där och d'Spënnereie vertrueden.

1849 gouf hie vun der Regierung beoptraagt fir mat de franséischen a belsche Salzwierker ze verhandelen, fir datt Lëtzebuerg eng Reduktioun um Salzpräis kréie géif, eng Aufgab, déi hien zur Zefriddenheet léise konnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Spedener, Gregor, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 46.
    Stad Lëtzebuerg, Stierfregëster 1872, Akt Nr. 11 vum 19. Januar.
  2. http://www.luxroots.org.
  3. Wiltheim, A., & Neyen, Auguste historien-biographe. (1841). Luciliburgensia, sive, Luxemburgum Romanum : Hoc est: Arduennae veteris situs, populi, loca prisca, ritus, sacra, lingua, viæ consulares, castra, castella, villæ publicæ, iam inde a Cæsarum temporibus Urbis adhæc Luxemburgensis incunabula et incrementum investigata atque a fabula vindicata : Monimentorum insuper, præprimis vero Eglensis Secundinorum cis-Alpinorum principis, inscriptionum, simulachrorum, sigillorum epitrapeziorum, gemmarum, et aliarum antiquitatum quamplurimarum tam urbi Luxemburgensi importatarum quam per totam passim provinciam sparsarum mythologica romana (Opus posthumum a med. doctore Aug. Neÿen nunc primum in lucem editum. ed.). Luxemburgi: Apud J.P. Kuborn.