Banque centrale du Luxembourg
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Banque centrale du Luxembourg BCL | |
---|---|
D'Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal | |
D'Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 22. Abrëll 1998 |
Sëtz |
2 Boulevard Royal Stad Lëtzebuerg |
President | Gaston Reinesch |
Generaldirekter |
Gaston Reinesch (Generaldirekter a President vum CA) |
Mataarbechter | 460 (2023) |
Branche | Zentralbank |
Homepage | www.bcl.lu |
D'Banque centrale du Luxembourg, gekierzt BCL, ass d'Zentralbank vu Lëtzebuerg. Si ass aus dem Institut monétaire luxembourgeois (IML) entstanen a gouf 1998 duerch d'Gesetzer vum 22. Abrëll 1998 a vum 23. Dezember 1998 geschaaft, zur selwechter Zäit wéi d'Europäesch Zentralbank. Bis zum 1. Januar 2002, dem Zäitpunkt wou den Euro an Ëmlaf bruecht ginn ass, huet si ënner dem Numm Institut monétaire luxembourgeois (IML) funktionéiert.
Si ass en Deel vum Europäesche System vun Zentralbanken (ESCB).
Hire Sëtz ass um Boulevard Royal am fréiere Siège vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL). D'BCL huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement[1].
Verwaltungsrot an Direktioun
[änneren | Quelltext änneren]President war, vun zanter hirer Grënnung bis Enn 2012, den Yves Mersch. Zanter dem 1. Januar 2013 ass et de Gaston Reinesch.
Ausser den dräi Direktiounsmemberen déi d'office am Conseil vun der BCL sinn, gi vum Regierungsrot nach sechs Memberen ernannt.
Period | President | Memberen | Direktiounscomité |
---|---|---|---|
1983-1998 | Pierre Jaans Generaldirekter vum IML | Raymond Kirsch (President), Jean Krier, Yves Mersch, Ernest Quaring, Gaston Reinesch, Robert Weides | Pierre Jaans, Jean-Nicolas Schaus, Jean Guill |
1998-2012 | Yves Mersch | Andrée Billon, Jean Hamilius, Pit Hentgen, Mathias Hinterscheid, Yves Nosbusch, Patrice Pieretti, Jacques Poos, Nico Reyland, Romain Schintgen, Pierre Werner, Claude Zimmer | Yves Mersch, Serge Kolb, Pierre Beck |
Zanter 2013 | Gaston Reinesch[2] | Michèle Detaille, Betty Fontaine (2012-2014), Nadia Manzari, Aline Muller, Martine Reicherts, Simone Retter (2014-2017), Claude Wirion, Michel Wurth[3] | Gaston Reinesch, |
Aufgaben
[änneren | Quelltext änneren]D'BCL ass chargéiert:
- mat der Produktioun vun de Billjeeën a Mënzen an hirer Distributioun an de monetäre Circuiten,
- mat der Iwwerwaachung vun de Reproduktiounsreegele vun de Billjeeën,
- mat der Opdeckung an der Analys vun de Fälschungen um Lëtzebuerger Territoire (zanter dem Juli 2002),
D'BCL ass och zoustänneg fir de Remboursement vun de Billjeeën an de Mënzen a bitt zanter 2002 verschidden numismatesch Servicer un.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Frang
- Euro
- Europäesch Zentralbank
- Europäesch Unioun
- Ëffentlecht Etablissement (Lëtzebuerg)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Banque centrale du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Recueil des Administrations, Services et Établissements publics. legilux.public.lu (8. September 2020). Gekuckt de(n) 10.09.2020.
- ↑ (fr)Banque centrale du Luxembourg - Direction - Renouvellement de nomination. data.legilux.public.lu (09.07.2018). Gekuckt de(n) 27.12.2022.
- ↑ (fr)Banque centrale du Luxembourg - Organes statutaires. www.bcl.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2022.
- ↑ (fr)Banque centrale du Luxembourg - Direction - Renouvellement de nomination. data.legilux.public (14.12.2022). Gekuckt de(n) 27.12.2022.
- ↑ (fr)Banque centrale du Luxembourg - Direction - Nomination. legilux.public.lu (23.04.2021). Gekuckt de(n) 27.12.2022.