Gaston Reinesch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Gaston Reinesch, gebuer de 17. Mee 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank a Professeur invité op der Universitéit Lëtzebuerg.[1][2]

Zanter dem 1. Januar 2013 ass hien den Nofolger vum Yves Mersch als Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank.[3][4] Hien ass Member vum Rot vun der Europäescher Zentralbank a vun der Bank for International Settlements a vertrëtt Lëtzebuerg an enger Rei vun internationalen Organisatiounen, ë. a. als Vizegouverneur fir Lëtzebuerg beim Internationale Währungsfong an als Member beim European Systemic Risk Board. Hien ass Member vum Comité du risque systémique, vum Fonds de garantie des dépôts Luxembourg, vum Conseil de résolution, vum Conseil de protection des déposants et des investisseurs a bei der International Islamic Liquidity Management Corporation.[5][6][7][8] Hien ass President vun The Bridge Forum Dialogue a Member vum Haut Comité de la place financière.[9][10] Hien ass President vun der Fondation Coeur – Daniel Wagner, Conseiller honoraire vun der Fondation Kräizbierg a Member vum Lions Club Esch-sur-Alzette.[11][12][13]

De Gaston Reinesch huet e Master en sciences économiques mat der Mentioun summa cum laude vun der Universitéit Namur an e Master of science in Economics vun der London School of Economics.

Hien huet 1984 seng berufflech Carrière als Wirtschaftsconseiller bei der Chambre de commerce ugefaangen. 1989 ass hien an den ëffentlechen Déngscht gewiesselt wouropshin hie Regierungskommissär bei der BIL gouf. Nom Depart vum Romain Bausch gouf hien 1995 Administrateur général am Finanzministère, wourop en ë. a. President vum Verwaltungsrot vun der Post, Vizepresident vun der Commission de surveillance du secteur financier, vun der Spuerkeess, Verwaltungsrotmember vun der ARBED a vum Institut monétaire luxembourgeois ënner dem deemolegen President Raymond Kirsch gouf. Hie war och President vum Commissariat aux assurances, vun der BGL BNP Paribas, vun der Société nationale de crédit et d'investissement, vum Conseil économique et social, vu LUXGSM, vu P&T Capital a vun der Société luxembourgeoise de capital-développement pour les petites et les moyennes entreprises.[14][15]

Ausserdeem war hien am Verwaltungsrot vun enger Rei vun Entreprisen: Cargolux, Enovos, Eurobéton, Luxcontrol, Paul Wurth, Société électrique de l'Our, Société européenne des satellites, Société nationale des habitations à bon marché, Société du Port de Mertert an Institutiounen: CEPS/INSTEAD, Centre de recherche public Gabriel-Lippmann, Conseil supérieur pour un développement durable, Europäesch Investitiounsbank, Europäeschen Investitiounsfong, Fondation Alphonse Weicker, Fonds de compensation, Fonds national de soutien à la production audiovisuelle, Lux Central Securities Depository, Luxembourg for Business, Luxembourg for Finance, Luxembourg School of Finance Foundation, Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.[16][17][18][19][20][21][22]

Publikatiounen

Gielercher

Um Spaweck

Referenzen

  1. Gaston Reinesch, un symbole fort
  2. Université du Luxembourg
  3. Reinesch à la Banque centrale
  4. Reinesch für Posten qualifiziert
  5. ESRB
  6. CdRS
  7. FGDL
  8. IILM
  9. The Bridge - Forum Dialogue
  10. Haut Comité de la place financière
  11. Fondation Coeur - Daniel Wagner
  12. Lions Clubs Luxembourg
  13. Fondation Kräizbierg
  14. P&T Capital
  15. CD-PME
  16. CSDD
  17. Fondation Alphonse Weicker
  18. FDC
  19. LuxCSD
  20. Luxembourg for Business
  21. Luxembourg for Finance
  22. LSF