Joseph Weyland
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Joseph Weyland | |
|---|---|
|
De Joseph Weyland (lénks), mam OAS-Generalsekretär José Miguel Insulza | |
| Gebuer | 24. Abrëll 1943 |
| Alter | 83 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
| Aktivitéit | Diplomat |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne, Grand-Croix vum Ordre de Mérite Civil vu Spuenien |
|
| |
De Joseph (Jos) Weyland, gebuer de 24. Abrëll 1943[1] ass e lëtzebuergeschen Diplomat, dee Lëtzebuerg vun 2005 bis 2008 als Ambassadeur an Amerika representéiert huet.[2] Gläichzäiteg war hien a Kanada, Mexiko a bei der Organisatioun vun amerikanesche Staaten (OAS) accreditéiert.
Hie war virdru Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen zu New York (1983-1984), Stännege Vertrieder bei den Europäesche Communautéiten (1984-1991), Ambassadeur a Groussbritannien (1993-2002), Ambassadeur vu Lëtzebuerg an der Belsch a Vertrieder bei der NATO (2003-2005).
Säin Nofollger zu Washington gouf de Jean-Paul Senninger.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Zesumme mam Jim Cloos, Gaston Reinesch an Daniel Vignes Le traité de Maastricht. Genèse, analyse, commentaires, Bruylant 1993
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Grand Officier)
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
Frankräich
[änneren | Quelltext änneren]- Légion d'honneur (Commandeur)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Säi c.v. um Site vun der NATO
- ↑ Corps diplomatique, legilux.lu, Mémorial B, Nr 37, 29. Abrëll 2008
