Diskussioun:Gaston Reinesch
Ausgesinn
Untitled
[Quelltext änneren]Hei liesen ech: Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank an zwou Reien drënner President vun der Lëtzebuerger Zentralbank. An de Statute vun der Bank ass weder e President nach e Gouverneur vun der Bank virgesinn. Wees vläicht een, watereng Roll de Mann wierklech an der Zentralbank spillt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:22, 29. Abr. 2015 (UTC)
Wei soll een interaktiv matschaffen wann esou vill Säiten gespaart sinn?
- Wa Säite gespaart sinn dann ass dat warscheinlech well déi sougenannt interaktiv Matschaff vill Duerchernee bruecht huet.
Mol gudde Moie gesot, an dann d'Informatioun datt d'Säit just fir IP-Adresse gespaart ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:47, 1. Mee 2016 (UTC)
Ech sinn ugemellt mee ech kann awer net op dësem Artikel matschaffen.
- Dat ass gutt méiglech. Och wann een ugemellt ass da muss ee schonn e puer Eeër op der Wiki geluecht hunn fir däerfen u sou Artikelen änneren ze goen. Dir kënnt Iech och nach zéng aner Benotzernimm zouleeën, dat déngt näischt, soulaang wéi der net bewisen hutt datt Dir valabel kënnt a wëllt matschaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:06, 2. Mee 2016 (UTC)
- Wéi eng akadeemesch Autoritéit ass dann zoustänneg, fir een Accord zur Mataarbecht ze erdeelen? Kënnt Dir mer vläicht Ären C.V. virleeën, datt ech mech duerno riichten? Merci am Viiraus, a bescht Gréiss! - V. B. 2A01:CB10:8044:A000:FC83:CD28:A37F:A11A 09:22, 2. Jul. 2022 (UTC)
- Wat soll dat dommt C.V. Gebraddels. D'Wikipedia ënnersteet kenger akadeemescher Autoritéit a Leit déi sech nëmme fir fënnef Su fir d'Wiki intresséieren, déi wësse firwat dat sou ass a wéi dat funktionnéiert a brauchen net domm hei ze stëppelen. --2A02:A03F:A199:6C00:9DA:79D2:7C21:1260 10:45, 2. Jul. 2022 (UTC)