Commission de surveillance du secteur financier
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) | |
|---|---|
| Typ | Ëffentlecht Etablissement |
| Grënnungsdatum | 01.01.1999 |
| Sëtz |
283, Route d'Arlon L-1150 Lëtzebuerg |
| Generaldirekter |
Maureen Wiwinius (Presidentin vum Conseil) Claude Marx (Generaldirekter) |
| Branche | Bankenopsiicht |
| Homepage | www.cssf.lu |
|
| |
D'Commission de surveillance du secteur financier, gekierzt CSSF, ass d'Bankenopsiicht zu Lëtzebuerg. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Dat éischt Organ, dat zu Lëtzebuerg als Bankenopsiicht funktionéiert huet, war de Commissaire au contrôle des banques, deen 1945 geschaaft gouf[1]. 1983 si seng Aufgabe vum Institut monétaire iwwerholl ginn, deen dunn nei gegrënnt gi war[2].
Mam Gesetz vum 1998[3] gouf du schlussendlech déi haiteg Kommissioun gegrënnt, déi zanter dem 1. Januar 1999 funktionéiert.
Aufgaben
[änneren | Quelltext änneren]D'Kommissioun ass huet d'Opsiicht iwwer déi professionell Acteuren a Produkter op der lëtzebuergescher Finanzplaz. Si iwwerwaacht, reegelt, autoriséiert, informéiert a mécht - wann néideg - Kontrollen a stellt Sanktiounen aus. Si ass doriwwer eraus beoptraagt fir fir déi néideg Transparenz, Einfachheet a Fairness um Finanzmarché ze suergen. Se kuckt, datt déi legal Basis iwwer d'Protektioun vun der Finanzclientèle agehale gëtt a suergt fir d'Bekämpfung vun der Geldwäsch an d'Finanzéierung vum Terrorismus.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Conseil stellt de Budget vun der CSSF op, kontrolléiert an approuvéiert hir Konten an de Finanzrapport. Se gëtt och d'Richtung fir déi allgemeng Politik vun der Kommissioun un a stellt d'Investitiounsprogrammer vun der Kommissioun op. D'Direktioun ass déi iewescht Exekutiv vun der CSSF a besteet aus engem Generaldirekter a véier Direkteren. Si trefft all Moossnamen an Entscheedunge fir d'Aufgabe vun der CSSF erfëllen ze kënnen.
| Period | Generaldirekter |
|---|---|
| 1998-2009 | Jean-Nicolas Schaus |
| 2009-2016 | Jean Guill |
| Zanter dem 05.02.2016 | Claude Marx |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 17 octobre 1945 relatif au contrôle bancaire. legilux.public.lu (17.10.1945). Gekuckt de 14.09.2020.
- ↑ (fr) Loi du 20 mai 1983 portant création d'un Institut Monétaire Luxembourgeois. legilux.public.lu (20.05.1983). Gekuckt de 14.09.2020.
- ↑ (fr) Loi du 23 décembre 1998 portant création d'une commission de surveillance du secteur financier. legilux.public.lu (23.12.1998). Gekuckt de 14.09.2020.
