Pierre Braun

Vu Wikipedia
Pierre Braun
Gebuer 5. Januar 1872
Giewel
Gestuerwen 16. Mäerz 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Jurist

De Pierre Braun, gebuer[1] de 5. Januar 1872 zu Giewel, a gestuerwen de 16. Mäerz 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Vun 1902 bis 1903 war hien Distriktskommissär vum Distrikt Gréiwemaacher a vun 1903 bis 1910 Distriktskommissär vum Distrikt Lëtzebuerg.

Vum 9. Januar 1910 bis den 3. Mäerz 1915 war hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung Eyschen.

Vun 1915 bis 1930 war hien Direkter vum Enregistrement an du bis 1937 Regierungskommissär bei der Banque Internationale a vum Abrëll 1934 bis den 20. September 1955 Administrateur bei der ARBED.

Hie war du vum 3. Mäerz 1915 bis de 16. November 1945 Member vum Staatsrot[2].

Zesumme mam Louis Klein war de Braun tëscht 1904 an 1908 ee vun den Haaptleit déi sech Suergen ëm d'Drénkwaasserversuergung am Südweste vum Land gemaach hunn, an op deenen hir Pläng hin, schliisslech de Syndicat des eaux du Sud entstanen ass.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Broschür: Syndicat des Eaux du Sud 1908-1983. 75 années au service de la population du Sud du Grand-Duché de Luxembourg., Säit 15 Archivéiert op 2012-01-17. Gekuckt de(n) 2009-06-19.
  2. 2,0 2,1 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen