Fändel vu Gambia

Vu Wikipedia
De Fändel vu Gambia
Proportiounen

De Fändel vu Gambia gouf den 18. Februar 1965 offiziell agefouert. E gouf vum Pa Thomasi entworf[1] an huet fënnef horizontal Sträifen an de Proportioune 6:1:4:1:6, a véier verschiddene Faarwen. Dës Faarwen hunn déi heite Symbolik:

  • Rout representéiert d'Sonn, där hir Stralen d'Hoffnung an d'Zukunft duerstellen;
  • Blo steet fir de Gambia-Floss, deen duerch d'Land leeft;
  • Gréng stellt de Räichtum vu Landwirtschaft an Natur duer;
  • Wäiss symboliséiert Fridden an Eenegkeet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fändele vu virun der Onofhängegkeet:

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'(Haapt-)Faarwe vum Fändel vu Gambia goufen als Referenz fir den Ausdrock Gambia-Koalitioun benotzt, fir eng Konstellatioun vu politesche Parteien ze bezeechnen, déi duerch d'respektiv Faarwe Rout, Gréng a Blo symboliséiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fändele vu Gambia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. President Jammeh appoints new cabiner http://statehousenews.info 23. Oktober 2006