Guido Westerwelle

Vu Wikipedia
Guido Westerwelle
Gebuer 27. Dezember 1961
Bad Honnef
Gestuerwen 18. Mäerz 2016
Köln
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn,
Fernuniversität Hagen
Aktivitéit Politiker, Affekot, Schrëftsteller
Partei Freie Demokratische Partei

De Guido Westerwelle, gebuer de 27. Dezember 1961 zu Bad Honnef a gestuerwen den 18. Mäerz 2016 zu Köln, war en däitsche Politiker vun der FDP.

Vun 1983 bis 1988 war en un der Spëtzt vun de Jonke Liberalen, duerno war en an der Partei vun 1994 bis 2001 Generalsekretär a vun 2001 bis 2011 President um federalen Niveau. Donieft war de Guido Westerwelle vun 2006 bis 2009 President vun der FDP-Bundestagsfraktioun an Oppositiounsleader am Däitsche Bundestag. Den Héichpunkt vu senger politescher Karriär war vun 2009 bis 2013 d'Amt als Ausseminister an der Regierung Merkel II.

Am Privaten hat en 2004 säi Coming-out als Homosexuellen, zënter dem 17. September 2010 war e mam Manager Michael Mronz gepacst.

2014 gouf bekannt, datt de Westerwelle un akuter myeloescher Leukemie erkrankt war, un där en no enger kuerzer Verbesserung gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guido Westerwelle – Biller, Videoen oder Audiodateien