Ainhoa Achutegui

Vu Wikipedia
Ainhoa Achutegui
Gebuer 2. Mee 1978
Caracas
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kulturmanagerin

D'Ainhoa Achutegui Núñez, gebuer den 2. Mee 1978 zu Caracas[1], ass eng lëtzebuergesch Kulturmanagerin[2].

Si ass zu Wien opgewuess an ass do an de Lycée français gaangen[1].

Vun 2004 bis 2006 war si Direktesch fir Danz an Theater am Wiener Werkstätten- und Kulturhaus (WUK). Zu där Zäit war se och aktiv am Veräin 5uper. Net, dee sech fir d'Fërderung an d'Vernetzung vu Medien, Konscht an Technologie agesat huet[3].

2006-2013 war si kënschtleresch Direktesch vum Centre des arts pluriels Edouard-Juncker (CAPe) zu Ettelbréck a Presidentin vun der Fédération des centres culturels régionaux du Luxembourg[4]. Am Dezember 2013 gouf si zur Direktesch vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster an der Stad Lëtzebuerg ernannt[5].

Am Februar 2015 gouf d'Ainhoa Achutegui, als Nofollgerin vun der Danielle Igniti, Presidentin vom Planning familial zu Lëtzebuerg[6]. No de Wierder vun der Danielle Igniti "eng rar Pärel, jonk, engagéiert, energesch, feministesch a voll am Geescht vun der Zäit"[7].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ainhoa Achutegui – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Neumünster: les jeux sont faits." paperjam.lu, 18.11.2013 13:32 (gekuckt 2013-12-11).
  2. Donnéeën iwwer Numm, Gebuertsdatum an Nationalitéit ënnert Planning Familial (F868) am Registre des bénéficiaires effectifs op lbr.lu, gekuckt den 11.09.2020
  3. Danièle Weber: " Wechsel in Ettelbrück." woxx.lu, 2006-07-21 | Nr 859 (gekuckt 2013-12-11).
  4. Kuerzportrait op forum.lu (gekuckt:2013-12-11).
  5. " Achutegui: «Très heureuse»." lequotidien.lu, 2013-12-10 19:55:00 (gekuckt: 2013-12-11).
  6. Ainhoa Achutegui succède à Danielle Igniti, paperjam.lu, 29. Januar 2015.
  7. "...cette perle rare, jeune, engagée, énergique, féministe et résolument dans l'air du temps". paperjam.lu, 29.Januar 2015.]