Danielle Igniti

Vu Wikipedia
Danielle Igniti
Gebuer 2. November 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Konschthistoriker

D'Danielle Igniti, gebuer den 2. November 1954 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Philologin.

Si huet zu Bréissel Konschtgeschicht a Franséisch studéiert, an dono als Gemengebeamtin zu Diddeleng geschafft. No an no huet si sech ëm d'Programmatioun vun de Konschtgalerië vun der Stad gekëmmert, sou, zanter 1993, ëm den Espace Dominique Lang an der Diddelenger Gare. An den 1990er Jore gouf si Direktesch vum Centre d'Art 'Nei Liicht' (bis Enn 2018).[2]

Zousätzlech war si, tëscht 2007 an 2019, Direktesch vum Kulturzentrum Opderschmelz[3], an och nach, vun 1999 bis 2015, Presidentin vum Planning familial[4]

Politesch huet si sech bei de Femmes socialistes engagéiert, vun deene se vun 1994 bis 2011 Presidentin war.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Georges Hausemer: Luxemburger Lexikon, Éditions Guy Binsfeld 2006, S.183.
  2. "Après elle le deluge ?" In: d'Lëtzebuerger Land, 18.05.2018; och op land.lu.
  3. „Keine Abschiedstournee“. journal.lu, 17.01.2018.
  4. Démission de Danielle Igniti: Ainhoa Achutegi est la nouvelle présidente du Planning Familial." wort.lu, 29.01.2015.