Roland Schauls
| Roland Schauls | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
1. Februar 1953 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler, Zeechner |
| Auteursrechter | geschützt |
| Member vun | Cercle artistique de Luxembourg, Deutscher Künstlerbund |
| Websäit | http://rolandschauls.com/ |
|
| |

De Roland Schauls, gebuer den 1. Februar 1953 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Zeechner a Moler deen zu Stuttgart schafft; hien ass haaptsächlech e Figuremoler a Portraitist.
Vun 1974 bis 1982 huet hien op der Staatlichen Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart Konschterzéiung a fräi Grafik studéiert. Vun 1980 bis 1998 war hien Enseignant op der Freien Kunstschule zu Stuttgart.
A senge Biller setzt de Roland Schauls sech mat de bedeitende Moler aus der Vergaangenheet ausernaner (z. B. Georges de La Tour, Diego Velázquez, Jean-Antoine Wattenau, Thomas Gainsborough, Arnold Böcklin, Henri Matisse) a bezitt sech op deenen hir Biller. Eng vum Schauls senge Besonneschkeeten ass, datt hien dacks a Serië moolt an deenen ëmmer nees verschidde Motiver an ënnerschiddleche Variatiounen erëmkommen.[2]
1998 an 2018 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix Pierre-Werner ausgezeechent.
Zënter Februar 2020 hänkt an der Entrée vum Nationalmusée um Fëschmaart e méi wéi 100 m² grousst Wierk vun him, op deem paraphraséiert Portraiten aus den Uffizien drop sinn.
Am Kader vum Trounwiessel 2025 huet de Roland Schauls ee vun den offizielle Portraite vum Grand-Duc Guillaume realiséiert.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]The Portrait Society
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht 1995 an 1998 huet de Roland Schauls de Projet The Portrait Society realiséiert. Hien huet an den Uffizien zu Florenz Selbstportraiten vu Moler erausgesicht, déi en als Basis geholl huet fir e Denkmal un d'Geschicht vun der westlecher Molerei ze setzen.
A sengem Arrangement vu 504 paraphraséierte Portraite si bekannt Moler wéi Delacroix, Dürer, Rubens, van Dyck tëscht manner bekannten oder onbekannte Moler ze fannen; jiddereen huet déi selwecht Importenz am Schauls sengem Wierk, dat op ronn 100 Quadratmeter aus 42 Tafelen × 12 Portraite besteet. The Portrait Society houng uganks an der Agora vun Neimënsterabtei an hänkt elo – zënter Februar 2020 – am Agank vum Nationalmusée um Fëschmaart.
Jidderee kann de Projet ënnerstëtzen andeems e Pätter vun engem Portrait gëtt an esou Koproprietär vum net-deelbare Wierk gëtt. All Koproprietär gëtt d'office Member an der ASBL The Portrait Society[3], déi sech ëm d'Gestioun vum Wierk an den Aktivitéiten am Zesummenhang mam Wierk këmmert.[4]
„Helleg Moler“
[änneren | Quelltext änneren]De Roland Schauls huet sech och mat Molerpeséinlechkeete beschäftegt a vun 2003 un eng Serie vu Biller an engem héije Format (200 × 70 cm) gemoolt, déi sech un de Portraiten oder Selbstportraite vun El Greco bis bei den Neo Rauch inspiréieren. Am Schauls sengen Adaptatiounen hunn d'Personnagen all en Hellegeschäin, se goufen all am Stoen ofgebilt, hunn entweeder e Pinsel oder en Doudekapp an der Hand a sinn eegesënneg ugedoen. Zu de Personnagen déi e gemoolt huet zielen ë. a. de Joseph Kutter, Neo Rauch, Diego Velázquez, Ferdinand Hodler, Jean-Auguste Ingres, Philipp Otto Runge, Gian Lorenzo Bernini, William Turner, an den Giorgio de Chirico.[5]
Doudsënnen an Kardinaldugenden
[änneren | Quelltext änneren]An enger Serie vun héichformatege Biller (180 × 30 cm) huet de Roland Schauls am Joer 2007 seng Versioun vun de Siwen Doudsënnen an de Kardinaldugende realiséiert.
Capriccio
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 2012 huet den deemolege Staatsmusée dem Roland Schauls eng Commande gi fir e groussen Tableau ze molen. Am Laf vum Prozess huet de Kënschtler eng Serie vu Wierker a verschiddene Stadie vun der Ausféierung virgeluecht, ënnert deene sech scho fréi eng Kompositioun ervirgedoen huet, déi de Virstellunge vum Musée entsprach huet. Si verbënnt Referenzen un d'Stad Lëtzebuerg, an un de Moler Joseph Kutter, mat deem senger Aarbecht de Schauls sech schonn zanter Joren auserneegesat huet.
D'Bild weist en Interieur mam Kutter sengem Tableau L'homme au doigt coupé un der Wand an – duerch eng Fënster – eng Vue op d'Stad Lëtzebuerg. Et ass eng „Bild-am-Bild“-Struktur: ee vun de Personnagen hält e Buch mat der Reproduktioun vun engem Schauls-Bild am Grapp, iwwerdeems eng aner Persoun e Pinsel an der Hand huet.
Nodeems d'Bild e puer mol iwwerschafft gouf, war et am Hierscht 2013 fäerdeg[6]; et krut den Titel „Capriccio“ a gouf an d'Sammlung vum Musée opgeholl.[7]
Ausstellungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Auswiel vun Ausstellungen, bei deenen de Roland Schauls matgemaach huet[8][9]:
Eenzelausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2025: Weitere Launen
- 2023: Nouvelles fantasies
- 1992: Exposition: Roland Schauls
- 2014: Cappricio, Musée national d'histoire et d'art, Luxemburg
- 2012: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2011: Art Atrium, Covent Garden, Brüssel
- 2011: GALERIE Supper, Karlsruhe
- 2011: Saarländische Galerie - Europäisches
- 2011: Kunstforum e.V., Berlin
- 2011: Galerie Gottschick, Tübingen
- 2010: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2010: Galerie in der Zehntscheuer, Möglingen
- 2008: GALERIE Supper, Karlsruhe
- 2008: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2008: Bischöfliches Dom- und Diözesanmuseum, Trier
- 2007: Nationalgalerie Prag, Tschechien
- 2007: Galerie Gottschick, Tübingen
- 2006: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2006: Galerie l'Indépendance, Luxemburg
- 2005: Galerie Gottschick, Tübingen
- 2004: GALERIE Supper, Pforzheim
- 2004: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2003: GALERIE Supper, Pforzheim
- 2003: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2002: Galerie Roser, Stuttgart
- 2002: Galerie Gottschick, Tübingen
- 2002: SWR Galerie, Stuttgart
- 2001: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 2000: Fundación Carlos de Amberes, Madrid
- 1999: Galerie Roser, Stuttgart
- 1999: Galeria Municipal da Mitra, Lissabon
- 1999: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 1998: Galerie Clairefontaine, Luxemburg
- 1997: Galerie Ka, Schaffhausen
- 1995: Galerie Léa Gredt, Luxemburg
- 1995: Galerie thea fischer-reinhardt, Berlin
- 1993: Galerie thea fischer-reinhardt, Berlin
- 1995: Galerie Fahlbusch, Mannheim
- 1995: Galerie Beaumont, Luxemburg
- 1995 – 1998: The Portrait Society, e Projet mat 504 Eenzelportraiten an der Agora vun Neimënster am Gronn an der Stad Lëtzebuerg
- 1991: Künstlerkreis Ortenau, „Alte Wäscherei“, Offenburg
- 1991: Galerie Wild, Frankfurt
- 1991: Städtische Galerie, Waiblingen
- 1990: Galerie thea fischer-reinhardt, Berlin
- 1990: Galerie Beaumont, Luxemburg
- 1990: Heinrich Schmid, Schloss Monrepos, Ludwigsburg
- 1989: Galerie Fahlbusch, Mannheim
- 1998: Städtische Galerie, Tuttlingen
- 1998: Galerie Beaumont, Luxemburg
- 1987: Galerie in der Isenburg, Köln
- 1987: Württ. Kunstverein, Stuttgart
- 1986: Galerie Beaumont, Luxemburg
- 1985: Galerie von Kolcynski, Stuttgart
- 1985: Galerie Zeitlupe, Heidenheim
- 1984: Förderkreis Bildender Künstler, Stuttgart
- 1983: Galerie 7, Freiburg
- 1982: Kunstverein Ludwigsburg
- 1982: Galerie „Die Wand“, Hamburg
Gruppenausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2026: Présentation des portraits officiels de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse
- 2025: Knokke Art Fair
- 2025: Summer Group Show
- 2025: Summer Group Show (Reuter Bausch Art Gallery)
- 2024: Un été coloré
- 2023: Bienvenue à la Villa ! (2)
- 2023: 50 Joer Lëtzebuerger Konscht
- 2021: 100 Joer Lëtzebuerger Konscht
- 2021: Figure in Print
- 2019: Bipolar
- 2019: Salon vum CAL
- 2018: Salon vum CAL
- 2017: Prix Pierre Werner - Histoires d'art 1992-2017
- 2014: Les Collections en mouvement. Aspects inédits des œuvres de la Villa Vauban (III)
- 2008: Titel net bekannt (Lëtzebuerg)
- 1998: 50 artistes pour un demi-siècle de peinture et de sculpture luxembourgeoise (Lëtzebuerg, Paräis, Zagreb, Dubrovnik, Ljubljana)
- 1997: Salon vum CAL
- 1997: Salon des critiques
- 1995: Salon vum CAL
- 1995: ...Avec ses artistes...10e anniversaire de la Galerie
- 1994: Salon vum CAL
- 1993: Titel net bekannt (Galerie am Tunnel)
- 1991: Vingt artistes luxembourgeois
- 1991: Zeitgenössische Kunst aus Luxemburg
- 1990?: L'art pour l'Europe. Art au Luxembourg (Lëtzebuerg, Bréissel)
- 1990: Salon vum CAL
- 1990: La jeune peinture contemporaine au Luxembourg (Moskau; Warschau; Helsinki)
- 1990: Stuttgarter Kunst der 80er Jahre, Seoul
- 1989: Biennale São Paulo
- 1989: Salon vum CAL
- 1989: Tischgespräche
- 1988: Salon vum CAL
- 1987: Rencontre de jeunes artistes luxembourgeois et suisses
- 1979: Salon vum CAL
- 1979: Forum Junger Kunst
- 1978: Salon vum CAL
- 1977: Salon vum CAL
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Schauls, R., Galerie Reuter-Bausch, Luxemburg, Galerie Supper, Baden-Baden, Autres caprices, (2016). ISBN 978-3-00-080517-2
- Schauls, R., Galerie Clairefontaine, (2016). Sommernachtsträume, ISBN 978-3-00-080517-2
- Kayser, L., Mosar, C., & Richter, P. (2014). Capriccio - Roland Schauls. Impr. Centrale. ISBN 978-2-87978-139-6
- Reuther, E.-M., Maaz, B., & Honnef, K. (2011). The portrait society : Roland Schauls. Éd. Clairefontaine. ISBN 978-2-919881-73-4
- Schauls, R., Maiusonb du Grand-Duché de Luxembourg, Bruxelles, (2009). Catwalk, ISBN 978-2-919881-49-3
- Schauls, R., BW-Bank Stuttgart, (2008). Komplexe Allegorien
- Kräubig, J., & Dexia Banque, i. (2006). Roland Schauls : fortlaufendes Wechselspiel = continuous interplay : [Galerie l'Indépendance/Dexia BIL]. Dexia-BIL.
- Schauls, R., & Galerie, C. (2001). Roland Schauls : Paraphrasen und Allegorien. Galerie Clairefontaine.
- Banque Générale du, L. (2000). BGL, 4 artistes 5 ans après. Banque générale.
- Schauls, R., & Waha, S. d. (1999). Roland Schauls : 504 Maler. [s.n.].
- Schauls, R., & Kayser, L. (1995). Roland Schauls : Bilder 1991 - 1994. Galerie Léa Gredt.
- Schauls, R., Händler, R., & Galerie, W. (1991). Roland Schauls. Galerie Wild.
- Schauls, R., & Roda, F. (1989). 20e Biennale de São Paulo 1989 : Luxembourg: Fernand Roda, Roland Schauls. Centre d'art contemporain.
- Kayser, L., Schneider, J. P., & Ensch, J. (1987). Rencontres de jeunes artistes luxembourgeois et suisses : Arpagus, Lippert, Lüthi-Künzli, Martini, Ney, Sauser-Hall, Schauls, Schroeder.
- Kayser, L. (1986). Roland Schauls : peintures récentes : exposition du 12 septembre au 11 octobre 1986. Galerie Beaumont.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2018: Pierre-Werner-Präis, zesumme mat der Sandra Lieners
- 1998: Pierre-Werner-Präis
- 1997: Präis vun der Jury, Württembergischer Kunstverein
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anja Di Bartolomeo: "Bunt und trotzdem düster". In: Télécran, Nr. 4/2007, S. 147.
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 82-83)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (de) Dem Roland Schauls seng Internetsäit
- (fr) De Roland Schauls op der Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (archivéiert Versioun)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsannonce am Luxemburger Wort vum 7. Februar 1953
- ↑ Henrik Bündge, Das Gesetz der Serie und ihre entzückenden Gegensätze, In: Autres caprices, (2024), S. 53, 58.
- ↑ LBR N° F831
- ↑ (de) The Portrait Society. rolandschauls.com. Gekuckt den 20.02.2026.
- ↑ Roland Schauls - Fortlaufendes Wechselspiel, Luxembourg : Impr. Victor Buck (2006), S. 91 – 97
- ↑ Acryl, Kuel op Toile, 2013, 200 × 130 cm
- ↑ Malgorzata Nowara, Capriccio - Roland Schauls, Luxembourg : Impr. Centrale (2014), S. 92
- ↑ (fr) Evénements. www.konschtlexikon.mnaha.lu. Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ Kayser, L., Mosar, C., & Richter, P. (2014). Capriccio - Roland Schauls. Impr. Centrale, S. 188–189. ISBN 978-2-87978-139-6
