Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Abtei Neimënster)
Kierch am Stadgronn
Jangekierch

Uertschaft / Plaz Stadgronn
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Jang
Konsekratioun 1731
Architekt(en) Hubert Laloir
Koordinaten 49° 36’ 38.3’’ N
      06° 08’ 10.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Abteikierch Neimënster, am Volleksmond d'Grënnesch Kierch oder Jangekierch, offiziell Lëtzebuerg-Stadgronn oder Kierch Saint-Jean, steet am Stadgronn. Se gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zur Gemeng Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1308 gouf d'Kierch "Sankt Johann auf den Steynen" vum Heinrich VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François Ier an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d'Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d'Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d'Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zu der franséischer Revolutioun hunn d'Benediktiner sech ëm d'Kierch bekëmmert.

Bei der Belagerung duerch d'Fransousen 1684 ass d'Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees opgebaut. D'Pläng si vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwaarz Muttergottes[änneren | Quelltext änneren]

Déi Schwaarz Noutmuttergottes mat hirem Barockaltor

An enger Säitennisch op der lénkser Säit vum Kiercheraum steet déi Schwaarz Muttergottes-Statu, och nach Noutmuttergottes genannt.
Si koum 1805 mat dem Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn[2].

Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill.

Den Albert Hames huet d'Statu 1954 restauréiert.

D'Pilgere bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis de Freide virum Karfreideg.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

De Buffet vun der Uergel
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Uergel gouf de 7. Dezember 2001 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

D'Portal vun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

D'Portal vun der Kierch (November 2008)

Um Portal sinn dräi stenge Statuen ze gesinn:

Déi dräi Statue waren ëm 1700 fir déi deemools nei Kierch gemaach ginn.

2005 gouf d'Portal restauréiert. Gläich drop goufen der Statu vum Benedikt de Staf an déi riets Hand ewechgebrach. Am Juli 2010 gouf d'Statu vun der Scholastika, déi ronn 500 kg gewien huet, vun Onbekannten erausgerappt an zerstéiert.[3],[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Langini, A., 1996. L'èglise Saint-Jean. ons stad 51, S. 14-17. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. La Vierge Noire de Luxembourg
  3. Zeugenaufruf: Statue im Stadtgrund entwendet, Luxemburger Wort vum 3. August 2010, Landeschronik.
  4. Akt von Vandalismus - Bitte um Mithilfe, LW vum 28. August 2010, S. 14.


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)