Klemm L25d VIIR LX-MAF

Vu Wikipedia
Klemm
L25
Technesch Daten
Vitess 160 km/h
Passagéier 1 + 1
Reechwäit 650 km
Längt 7,5 m
Héicht 4.800 m
Spannwäit 13 m
Undriff Hirth-HM 60 mat 60 PS
D'Klemm L25 an der Coque (November 2011).

D'Klemm L25d VIIR LX-MAF ass e Fliger aus der Baurei L25 vum däitsche Constructeur Hanns Klemm (1885-1961), deen 1934 gebaut gouf an deen zu Lëtzebuerg immatrikuléiert war.

Vun den eppes méi wéi 600 Exemplaren aus der Gamme L25 déi produzéiert goufen, gëtt et der weltwäit nach aacht, wouvun der nach dräi fléien. (Stand 2011).

Eng Klemm L25 vum Typ d VIIR vun 1934 koum 1946 op Lëtzebuerg, wou se deen éischte Fliger mat enger offizieller Immatrikulatioun am Land war. D'Maschinn koum spéider an de Besëtz vum Lëtzebuerger Aviateur Menni Kraemer, bis s'ausrangéiert gouf. 2003 gouf de Fliger als Nationaalt Monument klasséiert[1].

Zënter 2012 ass d'Klemm am Fligermusée zu Munneref ze gesinn.[2]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1946 huet de Fliger eng Brochlandung um Findel gemaach a sollt duerno verschrott ginn. E puer begeeschtert Fligeramateuren hunn de Wrack opkaaft a restauréiert. Wéi de Fliger duerno sollt an d'Schwäiz verkaaft ginn, huet de Menni Kraemer en opkaaft. Hien huet de Fliger ë. a. op Fluchdemonstratioune presentéiert, bis en definitiv ausrangéiert gouf.

Nom Doud vum Menni Kraemer am Joer 1993 huet de Sportsministère der Famill de Fliger ofkaaft. Den 11. Februar 2003 gouf en als Nationaalt Monument klasséiert.

Vun 2009 bis 2010 gouf de Fliger an enger spezialiséierter Schräinerei zu Landscheid an der Äifel fir 65.000 Euro fir Muséeszwecker restauréiert, wouvun de Kulturministère 41.000 Euro an de Sportsministère 20.000 Euro bäigedroen hunn (de Rescht koum duerch Donen eran). No der Restauréierung, vu Mee 2010 un, stoung de Fliger an engem Hangar um Findel.

Vun November 2011 bis Enn Mäerz 2012 ass de Fliger an der Coque um Kierchbierg ausgestallt. D'Ausstellung ass den 9. November 2011 a Presenz vun der Ministesch Octavie Modert opgaangen. Duerno gouf d'Klemm am Fligermusée zu Munneref, deen 2012 opgaangen ass, ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir d'technesch Donéeën: Hick, T., 2016.
  • Hick, T., 2016. Un oiseau rare. Le plus ancien avion du pays est exposé au «Fligermusée» de Mondorf-les-Bains. Luxemburger Wort vum 1. August 2016, S. 13.
  • Zwank, R., 2011. Restauriertes Kult-Flugzeug von Menni Kraemer bis März auf Kirchberg ausgestellt. Klemm auf Zwischenstopp in der Coque. Luxemburger Wort vum 10. November 2011, S. 27.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klemm L25d VIIR LX-MAF – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Hick, T., 2016. Un oiseau rare. Le plus ancien avion du pays est exposé au «Fligermusée» de Mondorf-les-Bains. Luxemburger Wort vum 1. August 2016, S. 13.