Diskussioun:Misärshaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" E läit tëscht Uerschdref an der Misärsbréck, net wäit ewech vum Stauséi vun Esch-Sauer.": Haut war ech an där Géigend mam Fotoapparillo bei mer. Ech hätt och gär eng Foto gemaach, mee mat dëser Beschreiwung hunn ech näischt fonnt. "De Misärshaff ass 1992 vum lëtzebuerger Staat kaaft ginn": Wier et net flott, wa mer mol wéissten, ëm wat et hei iwwerhaapt geet. --Cornischong 20:24, 3 August 2006 (UTC)

Wat mengs de, Cornischong? -- Myriam 20:59, 3 August 2006 (UTC)

"De Misärshaff ass 1992 vum lëtzebuerger Staat kaaft ginn ": Dobäi ka kee Mënsch wëssen, wat et iwwerhaapt ass!! Et steet am "Artikel" iwwerhaapt net, wat de Misärshaff iwwerhaapt ass, mengen ech. --Cornischong 21:06, 3 August 2006 (UTC)

OK, mee ech mengen ech kann och d'Informatioun net 1 zu 1 vun hierem Site huelen, resp. vum Staat senger Websäit, oder? -- Myriam 21:15, 3 August 2006 (UTC)

Tëschent Ueschdref an der Misärsbréck leit nëmmen een Haff ongeféier Loftlinn 460 Meter vun der Misärbréck ewech Süd-Süd-Westen gekuckt. Et geséit een ën vun der Bréck aus. Daat aas de Misärshaff. Et ass een aalen Bauerenhaff deen de Staat kaaft huet an an d'Rei gesaat huet.

Op irgendengem Ministär (ech muss mol kucken waatereen)an der Staat schafft een gewëssen Här Lanners deem senger Famill huet ë geheiert. Les Meloures 21:12, 3 August 2006 (UTC)

"leit nëmmen een Haff ongeféier Loftlinn 460 Meter vun der Misärbréck ewech Süd-Süd-Westen gekuckt. Et geséit een ën vun der Bréck aus." Dat steet zu allem Kombel hei op der Dikussiounssäit, awer net am Artikel!!!! An dat Getozels hei ass natierlech nees méi laang wéi den Artikel. --Cornischong 00:24, 4 August 2006 (UTC)