Hispaniola

Vu Wikipedia
Hispaniola
Hispaniola lrg.jpg
 
Geographie
Land
Läit an/am Karibik
Koordinaten: 19° 00’ 00’’ N
      70° 40’ 00’’ W
Fläch 76.480 km²
Héicht Héchste Punkt: 3.175 m
Pico Duarte
Verwaltung
Verwaltungseenheet Flag of Haiti.svg Haiti
Flag of the Dominican Republic.svg Dominikanesch Republik
Demographie
Awunnerzuel 20 892 062 (2015)

Hispaniola (spuenesch La Española „déi Spuenesch“) ass mat enger Fläch vu ronn 74.700 km² déi zweetgréisst vun de Westindeschen Inselen a vun de Groussen Antillen. Op der Insel leien d'Staaten Haiti an d'Dominikanesch Republik.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier 90 km westlech läit déi gréisst Antilleninsel Kuba an 190 km westlech läit Jamaika, 120 km ëstlech Puerto Rico, 250 km nërdlech d'Grupp vun den Turks- a Caicosinselen an 180 km nordnordwestlech d'Inselgrupp Inagua. D'Insel huet eng Ost-West-Ausdeenung vu 600 km an eng Nord-Süd-Ausdeenung vun 250 km. Se huet d'Form vun enger Hand, déi no Westen op ass, woubäi zwou Hallefinsele mat Bierger a Richtung Kuba respektiv an den Jamaica Channel weisen. Relativ flaach ass nëmmen den Osten an een Dall am Norden tëscht zwou Biergketten.

Politesch Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Dominikanesch Republik an Haiti

Um ëstlechen Deel vun der Insel, dee méi grouss ass, läit haut d'Dominikanesch Republik, um méi klenge westlechen Deel d'Republik Haiti.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Mat ronn 20 Milliounen Awunner ass Hispaniola d'Antilleninsel mat der gréisster Bevëlkerung.

Land Fläch a km² Awunner (2009) Bevëlkerungsdicht
(Aw. pro km²)
Haiti 27.750 9.776.206 352
Dominikanesch Republik 48.730 10.090.000 173
Hispaniola 76.480 19.866.206 260

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Einheimescher hunn d'Insel Aytí genannt, wouraus d'haiteg Bezeechnung „Haiti“ entstanen ass. Haiti huet also ursprénglech déi ganz Insel bezeechent.

De Christoph Kolumbus huet d'Insel La Isla Española („déi spuenesch Insel“) genannt. D'Englänner hunn den Numm zu Hispaniola („Klengspuenien“) verballhornt.

D'Insel Hispaniola gouf an der Kolonialzäit politesch opgedeelt an e spueneschen Ostdeel, Santo Domingo (oder San Domingo) genannt no der Stad mam selwechten Numm, an e franséische Westdeel, Saint Domingue (oder Saint-Domingue). Aus dem ëstlechen Deel gouf d'Dominikanesch Republik an aus dem westlechen Deel Haiti, dat zäitweis an dat nërdlecht Nord-Haiti an d'südlech Mulatte-Republik gedeelt war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hispaniola – Biller, Videoen oder Audiodateien