Serie 181 DB

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
DB Serie 181
181 206 Luetzel 03042010.JPG
Technesch
Daten:
Éischt Serie
E 181.0 an 181.1
Zweet Serie
181.2
Nummeréierung: E 310 001–004
ab 1968:
181 001–002
181 103–104
181 201–225
Stéckzuel: 4 25
Constructeur: Mechaneschen Deel: Friedrich Krupp AG
Elektreschen Deel: AEG
Baujoren: 1966 1974–1975
Ausmusterung: bis 2003 nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84,0 t
Längt iwwer Puffer: 16.950 mm 17.940 mm
Héicht: 3612 mm
Héchstvitess: 150 km/h 160 km/h
Stroumsystemer: 15 kV 16 2/3 Hz~
25 kV 50 Hz~
Motoren: 4
Leeschtung: 3.200 kW

D'BR 181 vun der DB ass eng Serie vun elektresche Lokomotive fir de Betrib ënner dem däitsche Stroumreseau 15.000 Volt 16 2/3 Hz an dem franséisch-lëtzebuergesche mat 25.000 Volt 50 Hz. Si goufen 1966 vun der DB an Déngscht gestallt, fir de grenziwwergräifende Verkéier a Richtung Lëtzebuerg a Frankräich. Si komme souwuel am Persouneverkéier, wéi och am Giddertransport an den Asaz.

Déi éischt Serie huet aus 4 Maschinne bestanen an ass 1966 ausgeliwwert ginn. Et ënnerscheet een dobäi tëscht den Deelserien 181.0 an 181.1. Well d'Demande séier méi grouss ginn ass, huet d'DB vun 1974 un eng zweet Serie vu 25 Maschinne mam Numm 181.2 an Déngscht gestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well sech Frankräich an Däitschland Enn der 1960er Jore wirtschaftlech méi no komm sinn, ware Lokomotive gefrot déi souwuel ënner dem däitsche Stroumsystem, wei och ënner dem franséisch-lëtzebuergesche Reseau konnten zirkuléieren. Bis dohi gouf de grenziwwergräifenden Trafic entweder mat Diesellokomotive gefuer oder d'Lokomotiv huet missen op der Grenz gewiesselt ginn.

Déi éischt Serie[änneren | Quelltext änneren]

D'181 001 an där neier ozeanblo/beiger Livrée zu Saarbrécken (Juli 1983)

Déi éischt Serie gëtt och dacks als "Virserie" bezeechent, well se technesch nach méi no un de Maschinne vum Virgängermodell E 410 waren. Ier déi éischt Serie 1966 an den Asaz koum, gouf se op béide Reseaue getest. Souwuel déi däitsch DB, wéi och déi franséisch SNCF hunn ëmfangräich Tester duerchgefouert, absënns, wat d'Sécherheetstechnik an de Kontakt mat der Stroumleitung ugaangen ass.

Am Persouneverkéier war déi éischt Serie exklusiv op der Verbindung tëscht Metz an den däitsche Stied Darmstadt, Frankfurt am Main, Heidelberg, Kaiserslautern, Karlsruhe, Mannheim a Saarbrécken ënnerwee.

Am Giddertrafic, ware se virun allem op den Achse Saarbrécken/Tréier - Forbach an Tréier - Waasserbëlleg/Lëtzebuerg ënnerwee.

An hirer Glanzzäit, an de Joren 1970 bis 1975, hu si d'TEE-Zich tëscht Frankfurt am Main a Metz gezunn.

Déi éischt Serie ënnerscheet sech vun der zweeter haaptsächlech doran, datt se eng elektresch Brems hat. Si huet d'Energie déi beim Bremsen entstanen ass, an elektresche Stroum verwandelt. Bei den zwou leschte Maschinne vun der Serie(181.1 konnt dee souguer nees an d'Netz zréckgespeist ginn.

Haut existéiert nëmmen nach d'Maschinn mat der Nummer 181 001. Si steet als Muséeslokomotiv am Eisebunnsmusée zu Koblenz.

Déi zweet Serie[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Serie, dacks och als "d'Serie" bezeechent, gouf 1974 an 1975 an Déngscht gestallt. Eng reegelrecht Explosioun vun de Wirtschaftsverbindungen tëscht Däitschland a Frankräich, och bedéngt duerch den héije Besoin u Kuelen an anere Réistoffer wärend der Pëtrolskris 1973, huet de Besoin un sou Maschinnen evident gemaach.

D'Maschinne goufen, no den Erfarungswäerter vun der éischter Serie gebaut, dowéinst heesche se 181.2. 4 Maschinnen goufen no hiren Asazgebidder gedeeft an heeschen haut "Saar", "Mosel", "Luxembourg" a "Lorraine".

Asätz vun der zweeter Serie[änneren | Quelltext änneren]

181 205 virun engem IC an der Gare zu Wittlich bei Tréier

Genee wéi déi éischt Serie waren déi Maschinnen am Schnellzuchtrafic tëscht Metz an den däitsche Stied no bei der Grenz am Asaz. Mat InterCity-Zich koume se bis op Lëtzebuerg, a vereenzelt bis op Paräis. De Giddertrafic tëscht Saarbrécken, Tréier, Forbach a Waasserbëlleg war an den 1970er Joren exklusiv mat 181er besat.

Enn der 1980er Jore war déi Serie och mat EuroCity- an EuroNightzich ënnerwee. Hiren Asaz gëtt awer méi rar zanter datt d'Inter City Express an d'TGVen de Persounentrafic tëscht Metz, Stroossbuerg a Frankfurt iwwerholl hunn.

Haut (2010) si se nach op den InterCityzich tëscht Lëtzebuerg a Koblenz, an op den EuroNightzich tëscht Karlsruhe a Metz ënnerwee.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Pantographen[änneren | Quelltext änneren]

Am Géigesaz zu modernen 2-System-Lokomotiven, wéi den CFL 4000, huet d'Serie 181 nëmmen 2 Pantographen. De 15kV Pantograph ass iwwer dem Führerstand 1, wärend dee méi schmuele 25 kV Pantograph iwwer dem Führerstand 2 ass. Schonn an der Virserie sinn nëmmen 2 Stéck verbaut ginn, obwuel Plaz genuch do war fir der 4 z'installéieren. Sou kënnt et datt d'Maschinnen ënner dem jeeweilege Stroumreseau ëmmer nëmmen deselwechte Pantograph benotzen, onofhängeg vun der Richtung an déi se fueren.[1]

Unité Multiple[änneren | Quelltext änneren]

Fir an UM, bei där déi zwou Lokomotiven hannerenee gekoppelt sinn, mat der Héchstvitess vun 160 km/h däerfen ze fueren, mussen an Däitschland d'Führerstänn 2 vu béide Maschinne mat den Nuese widderenee gekoppelt sinn, ënner 25 kV sinn et d'Führerstänn 1. Et well ee sou verhënneren datt d'Pantographe sech bei héijer Vitess géigesäiteg beschiedege soubal wéi Fonke fléien. Wa se mat ënnerschiddleche Führerstänn widderenee gekoppelt sinn, dann ass hir Vitess souwuel an Däitschland wéi och a Frankräich op 140 km/h limitéiert.

Asaz mat Steierween[änneren | Quelltext änneren]

Asätz mat Steierween sinn net bekannt. Et sief awer preziséiert datt virgesin war se mat den eemolegen DB-Steierween 735 a 740 ze fueren, mä well se awer ni am Regionalverkéier gelaf sinn, ass et ni dozou komm. Haut existéieren déi Steierween net méi, wat den Asaz mat Steierween am Allgemengen ausschléisst.

Faarfvarianten[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Maschinne goufen an där zu deem Zäitpunkt bei der DB gebräichlecher, kobaltbloer Livrée geliwwert. Haut fiert keng 181er méi aktiv mat där Livrée. Zanter der 181 211 gouf sech fir eng ozeanblo/beige Livrée decidéiert, dovu fiert haut nach eng eenzeg. Vun 1992 un huet d'DB hir Lokomotiven orientrout mat engem wäisse Fleck op béiden Enner, am Eisebunnerjargon Sabbelduch genannt, ugestrach. Vun 1998 un huet d'DB eng Partie vun de Maschinne verkéiersrout ugestrach. Béid Livréeë sinn haut wäit verbreet.

Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Nummer Lackéierung Bemierkung
181 001-9 blo Musées-Lok am DB Museum Koblenz-Lützel, net méi betribsfäeg
181 201-5 blo gouf nei lackéiert an waart no der Hauptuntersuchung op nei Missiounen.
181 202-3 orientrout verschrott den 11. Januar 2006 am Aw Dessau
181 203-1 orientrout z-gestallt(= Vun der Reparatur ausgeschloss.)
181 204-9 verkéiersrout
181 205-6 verkéiersrout
181 206-4 blo DB-Musée, Koblenz-Lützel
181 207-2 verkéiersrout
181 208-0 verkéiersrout
181 209-8 verkéiersrout
181 210-6 verkéiersrout
181 211-4 ozeanblo/beige gedeeft als „Lorraine“
181 212-2 verkéiersrout gedeeft als „Luxembourg“, verschrott
181 213-0 orientrout gedeeft als „Saar“
181 214-8 verkéiersrout gedeeft als „Mosel“
181 215-5 orientrout
181 216-3 verkéiersrout z-gestallt, gebraucht fir Ersatzdeeler
181 217-1 ozeanblo/beige verschrott de 4. Juni 2003 bei Bender zu Opladen
181 218-9 orientrout
181 219-7 verkéiersrout reaktivéiert 02.12.2008
181 220-5 verkéiersrout
181 221-3 verkéiersrout
181 222-1 verkéiersrout
181 223-9 verkéiersrout
181 224-7 orientrout z-gestallt
181 225-4 verkéiersrout z-gestallt

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gelungener Frequenz-Wechsel - Mit der Baureihe 181.2 begann der erfolgreiche Einsatz der Zweifrequenz-Lokomotiven zwischen Deutschland und Frankreich. In: Modelleisenbahner. Bad Waldsee 2006, 2 (Febr.).
  • Die deutschen Mehrsystem-Lokomotiven. Eisenbahnkurier-Spezial. Bd 77. EK-Verlag, Freiburg 2005.
  • Andreas Rossel, Joachim Gutjahr: Baureihe 181.2 - Zweisystemlok der Deutschen Bundesbahn. Eisenbahn-Bildarchiv. EK-Verlag, Freiburg 2006. ISBN 3-88255-364-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. http://www.181er.de/br181_entwicklung.pdf Essai iwwer d'181
Commons: DB Class E 310 – Biller, Videoen oder Audiodateien