CFL 5519

Vu Wikipedia
CFL 5519
Technesch Daten
Verwendungszweck Gidderverkéier
Constructeur Wiener Lokomotivfabrik Floridsdorf
Baujoer 1948
Liwwerung 1949
Max. Vitess 80 km/h
Zylinder 2
Bauaart 1'E h2
Kolwenduerchmiesser 630 mm
Kolwenhub 660 mm
Dampréier 43
Heizréier 143
Kesseldrock 16 bar
Rouschtfläch 4,7 m2
Heizfläch Feierbéchs 19,3 m2
Total Heizfläch 199,6 m2
Heizfläch Iwwerhëtzer 75,8 m2
Undriffrieder Duerchmiesser 1400 mm
Lafrieder Duerchmiesser 850 mm
Leeschtung 1800 PS / 1325 kW
Totallängt 23000 mm
Totalbreet 3150 mm
Totalhéicht 4400 mm
Gewiicht Lok 97 t
Totalgewiicht 156 t
Achsdrock 17,2 t
Kuelereserve 10 t
Waasserreserve 30 m3
D'5519 am Asaz zu Offenburg

D'CFL 5519 ass déi eenzeg CFL-Dampmaschinn déi nach besteet. Si ass zanter dem 24. Oktober 2017 vum Service des sites et monuments nationaux als "Monument national industriel" klasséiert a gëtt vum Veräin "5519 a.s.b.l." ënnerhalen. Si gouf als N° 42 2718 (Baurei 42) zu Wien-Floridsdorf gebaut, a war eng vun den eenanzwanzeg Lokomotiven aus der Serie 55 vum CFL dovun 20, déi tëscht Dezember 1948 a Januar 1949 geliwwert goufen (5501-5520) plus eng (5521) déi vun MF Esslingen gebaut gi war an zu Saarbrécken affektéiert war. Déi Maschinn koum am August 1944 op Lëtzebuerg wou s'am Krichsduercherneen hänke blouf. .

Historeschen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

No der Annexioun vun Éisträich an dat däitscht Räich am Joer 1938 goufe schwéier Gidderzuchlokomotive gebraucht. Et gouf geplangt fir eng nei "Einheitslokomotive" mat der Achsfolleg 1'E, mat 18 t Achsdrock a mat 1 800 PS Leeschtung bauen ze loossen. Duerch den Ausbroch vum Zweete Weltkrich gouf de Projet awer net realiséiert.

1942 krut d'Reichsbahn, speziell am Osten, grouss Problemer fir d'militäresch Transporter ofzewéckelen an den Hauptausschuß Schienenfahrzeuge (HAS) huet d'Baurei 42 ausgeschriwwen. D'Lokomotive sollte 1 600 t mat enger Vitess vu 60 km/h op der Glécht zéie kënnen, an nach 20 km/h biergop bis 7 ‰ Steigung.

Am September 1942 war nach geplangt fir 8 000 Lokomotive bauen ze loossen. Am Summer 1943 gouf dës Zuel awer op 3 300 reduzéiert. D'Maschinne sollte vun dëse Firme geliwwert ginn:

Dat konnt awer nëmmen am Ufank sou realiséiert ginn. Vum Hierscht 1943 un hu Krauss-Maffei a Borsig nëmme méi Lokomotive reparéiert, awer keng nei méi gebaut; se hu misse Waffe liwweren.

D'Produktioun vun der Baurei 42 gouf ëmmer erëm verlagert. Am Januar 1944 goufen déi éischt Serielokomotive geliwwert. Bis zum Enn vum Krich goufe ronn 900 Maschinne gebaut. Am Ganzen, wann een déi, déi nom Krich nach gebaut goufen, derbäirechent, goufen der 1063 produzéiert.

D'Wiener Lokomotivfabrik Florisdorf huet an de Joren 1944/1945, trotz Bombardementer, nach weider Baudeeler produzéiert soudatt nom Krich nach Lokomotive konnte gebaut ginn.

5519 beim CFL[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem 1946 zu Lëtzebuerg d'CFL gegrënnt gi war a bedéngt duerch d'Noutwendegkeet vum Transport vu Kuelen a Cock goufen 1948 zu Wien-Floridsdorf 20 Maschinne vun der Baurei 42 bestallt, déi bis Januar 1949 geliwwert goufen. Eng vun deenen zwou Leschten, d'42 2718, gouf de 26.Januar 1949 geliwwert a krut d'CFL-Nummer 5519.

Den 3. Februar gouf se an den Déngscht gestallt a koum kuerz drop an den Depot Beetebuerg, wou se bis 1961 stationéiert war. Si gouf haaptsächlech am Gidderverkéier op de Strecke Lëtzebuerg - Diddenuewen, Lëtzebuerg - Esch a Waasserbëlleg - Siren - Arbed-Belval agesat.

Nom Ofschafe vum Depot Beetebuerg am Oktober 1961 war se bis den 21. September 1964, Enn vun der Damplokära am Depot Lëtzebuerg doheem an ass op der Streck Lëtzebuerg - Ëlwen - Gouvy zirkuléiert.

Tëscht November 1963 a Mee 1964 goufen déi nei diesel-elektresch 1800-er geliwwert, déi d'55-er lues a lues ersat hunn.

5519 am Beetebuerger Parc Jaquinot[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem den Dampbetrib de 15. Mäerz 1964 ofgeschaaft war goufen d'Lokomotive lues a lues verschrott, bis op een eenzegt Exemplar. De Beetebuerger Schäfferot war drun intresséiert fir eng Lok z'erhalen. D'Wiel ass op d'5519 gefall. Si blouf am Besëtz vun der CFL a gouf fir ee symbolesche Frang und d'Gemengeverwaltung vu Beetebuerg verpacht. Se gouf am CFL-Atelier Lëtzebuerg grëndlech iwwerholl an op 5513 ëmnummeréiert. Den 21. Juli 1965 gouf se op Beetebuerg, wou se virdru schonn 12 Joer laang doheem war, gefouert an iwwer e provisorescht Gleis an de Parc Jaquinot placéiert. Do stoung se bal 22 Joer laang als 5513 am Fräien an ass lues, awer sécher, ëmmer méi verrascht bis se e Sécherheetsrisiko fir d'Kanner gouf, déi do gespillt hunn.

Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Abrëll 1987 hunn e puer ambitionéiert Eisebunnsfrënn sech zesummegedoen an d'Vereenegung "5519 a.s.b.l." gegrënnt. Si hu sech virgeholl fir d'5519, mat der finanzieller Hëllef vun der Gemeng Beetebuerg, ze restauréieren.

D'Lok gouf op der Plaz an hir Haaptdeeler zerluecht, op Eisebunnswaggone verlueden an an den CFL-Atelier op Péiteng transportéiert, wou bis Enn 1990 e groussen Deel vun de Restauratiounsaarbechte vu Veräinsmemberen erleedegt gouf.

Duerch d'politesch "Wende" an Däitschland gouf et méiglech fir d'Lok am Reichsbahn Ausbesserungswerk Meiningen (ex DDR) erëm an e betribsfäegen Zoustand ze versetzen. Gläich gouf Kontakt opgeholl mat Meiningen fir déi Aarbechten z'erleedegen, déi zu Lëtzebuerg net konnte realiséiert ginn. D'Eenzeldeeler vun der Lok an de Schleeftender goufen am Juni 1991 op Meiningen (Thüringen) transportéiert wou de Rescht vun de Restauratiounsaarbechten ausgefouert gouf.

Nom Nees-Zesummebau an no de néidege Kontrollen an Testfaarte konnt d'5519 de 4. Oktober 1991 e Fuerplangzuch tëscht Meiningen a Kaltennordheim zéien. Se koum de 27. Dezember op Lëtzebuerg zeréck wou se hir offiziell Erëffnungsfaart de 16. Mee 1992 tëscht Beetebuerg a Wolz gefuer ass an zanterhier ouni gréisser Problemer Sonner- a Charterzich zitt.

D'5519 ass momentan déi lescht betribsfäeg Damplok vun der Baurei 42 zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • "5519" a.s.b.l.
  • Ed Federmeyer, "Eisenbahnen in Luxemburg", Eisenbahn-Kurier Verlag, 1984

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL 5500 – Biller, Videoen oder Audiodateien