CFL 250

Vu Wikipedia
CFL 250
Constructeur Carel et Fouché
Bedreiwer CFL
Numeréierung 251 - 256
Besteet aus 2 Këschten
Sëtzplazen 1. Klass: 016
2. Klass: 152
Ausgemustert 2005
Statut a Rumänien verkaaft
Technesch Detailer
Bauaart B'2'
Spuerbreet Normalspuer
Déngschtmass 79,5 t
Längt iwwer Puffer 50,650 m
Breet 2.650 mm
Héicht 3.300 mm
Maximal Achselaascht 16,5 to
Héchstvitess 120 km/h
Homologéiert fir Lëtzebuerg

D'CFL-Serie 250 war eng Serie vun elektreschen Automotricë vun der CFL, déi tëscht 1975 an 2005 am Asaz waren. Se war och nach ënner dem Spottnumm Moulinex bekannt.

Et handelt sech ëm Gefierer vum franséische Constructeur Carel et Fouché déi der SNCF-Serie Z 6100 geglach hunn an déi liicht g'ännert goufen. Sou gouf et just 2 Diere pro Säit pro Waggon amplaz dräi, déi mëttels Këscht gouf ewechgelooss, amplaz vun der franséischer Sëtzkonfiguratioun (2+3), gouf d'2+2 Andeelung wéi an de Wegmann-Voiturë gebraucht an d'Nuese kruten dräi breet orange Sträifen am Géigesaz zu enger bei der SNCF.

Se goufen op manner frequentéierte Linnen agesat: déi vu Beetebuerg op Volmerange-les-Mines, vun Esch-Uelzecht op Audun-le-Tiche, vun Näerzeng op Ëtteng, vu Kautebaach op Wolz a vun Dikrech op Ettelbréck.

2005 goufe se mat der Serie 2200 ersat.

2006, huet d'CFL déi Rammen, mat Ausnam vum Motorwon vun der 254 deen no enger Kollisioun net méi ze gebrauche war, un d'rumänesch Eisebunn verkaf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL Class 250 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]