CFL 2100

Vu Wikipedia
Autorail Ex-CFL 2100

CFL 2106 an der Gare zu Kautebaach
Nummeréierung: 2101-2106
Stéckzuel: 6
Constructeur: Alstom (Elektrescht)
De Dietrich Ferroviaire
Baujoren: 2000 - 2001
Ausmusterung: 2005 verkaaft
Achsformel: (1A)'(A1)'
Déngschtmass: 50 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 28.900 mm
Sëtzplazen: Éischt Klass: 16
Zweet Klass: 45
Héchstvitesse: 120 km/h
Leeschtung: 2 x 257 kW
Acceleratioun 0,75 m/s² (0–50 km/h)
Deceleratioun 1,35 m/s²

D'Serie 2100 war eng Serie vun dieselelektreschen Autorailen déi tëscht 2002 an 2005 bei der CFL an Déngscht stoungen. D'Spëtznimm vun der Serie ware Blowal an Dildo. Se koumen aus der Serie Alstom Coradia A TER eng Entwécklung vun Alstom fir dat däitscht a franséischt Eisebunnsnetz.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • D'CFL 2100 si baugläich mat den X 73500 vun der SNCF, an der Baurei 641 vun der DB
  • Si goufe vum Wierk wäirout ugestrach a sinn nom Verkaf un d'SNCF nach eng Zäit sou duerch Frankräich gefuer.
  • Et si bis zu 4 där Autorailen unenee gekrämpt ginn, fir sou an de Spëtzenzäiten op Klengbetten ze fueren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'2100er goufen Ufanks aus 3 Grënn ugeschaaft:

  • De Spannungsënnerscheed op der Klengbettener Streck huet d'CFL vum Material vun der SNCB ofhängeg gemaach. Deem wollt een entgéint wierken andeems Dieselmaterial kaaft gouf, dat vum Stroumsystem onofhängeg ass.
  • Wéinst diverse Stroumausfäll op auslännesche Reseaue wollt d'CFL Dieselmaterial hunn, fir am Noutfall d'Haaptachse kënnen ze befueren.
  • Et gouf Ufanks der 2000er Joren eng Diskussioun fir de Passagéiertrafic op der Streck Klengbetten - Stengefort, déi net elektrifizéiert ass, erëm anzeféieren, an dowéinst wollt d'CFL virsuergen an huet Dieselmaterial kaaft.

Grënn fir de Verkaf[änneren | Quelltext änneren]

De Verkaf vun der Serie mam Fuerplangwiessel 2005/2006 war duerch eng Rei vun aneren onofhängege Fakteure bedéngt:

  • Mam Kaf vun den CFL-Dosto Voituren an hirem Asaz um Krop vun den CFL 3000, hat d'CFL hiert eegent Material fir d'CFL-Linn 5 a sou waren d'2100er op der Klengbettener Streck iwwerflësseg. Den Asaz vun den Dostoen huet 2006/2007 ugefaangen, nodeem an engem Iwwergangsjoer d'CFL 628.4 zesumme mat belschen Automotricen op der Streck zirkuléiert hunn.
  • Déi niddreg Capacitéit vun der Serie huet eng héich Frequenz vun den Zich néideg gemaach, wat beim CFL weider Personalkäschte mat sech bruecht huet.
  • De laangen Accelaratiounswee huet d'2100er vun den Haaptachsen ausgeschloss, well se de Fuerplang net hale konnten. Hiren Asaz ass op d'Antenne vum Reseau limitéiert bliwwen.
  • Et ass ëmmer méi däitlech ginn datt den Asaz vun Dieselmaterial am Persounentransport, op engem integral elektrifizéierte Reseau, net sënnvoll ass.

Dës Weideren ass de Plang fir d'Bretell Klengbetten-Stengefort, erëm opzemaachen, fale gelooss ginn, nodeem an der Belsch d'CFL-Linn 80 fir de Persounentransport reamenagéiert gouf.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Bis Dezember 2005 goufe se bei de CFL op de follgende Verbindungen agesat:

Nummeréierung bei der SNCF[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem am Dezember 2005 déi ganz Serie 2100 vun de CFL un d'SNCF verkaaft gouf, gouf se do ënner den Déngschtnumeroen X 73813 bis X 73818 an d'Flott integréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

CFL 2100 um rail.lu