Op den Inhalt sprangen

CFL 800

Vu Wikipedia
CFL 800
Déi restauréiert 804 an der Gare vu Lëtzebuerg am Oktober 2013
Constructeur AFB vu La Croyère
Bedreiwer CFL
Baujoer 1954
Numeréierung 801 - 806
Stéckzuel 6
Technesch Detailer
Ass en(g) dieselelektresch Lokomotiv
Bauaart Bo'Bo'
Dreifrad ø 1050 mm
Spuerbreet Normalspuer (1.435 mm)
Déngschtmass 74 to
Motor EMD 567 (V8)
mat Roots-Gebléis
Fabrikant EMD (General Motors)
Leeschtung 800 PS
Kraafttransmissioun elektresch
Längt iwwer Puffer 13,795 m
Breet 3,115 m
Maximal Achselaascht 18,5 to
Héchstvitess 80 km/h
D'CFL 804 an der Gare Lëtzebuerg am Oktober 2013

D'CFL 800 war eng Serie vu sechs dieselelektresche Lokomotiven déi d'CFL 1954 ugeschaaft hat. Se waren haaptsächech am Rangéierdéngscht an der Minettsgéigend aktiv a goufe just geleeëntlech fir d'Tractioun vu Gidderzich agesat. Wéi 1982 déi nei Rangéiergare vu Beetebuerg a Betrib geholl gouf, goufen déi meescht dervun do beschäftegt.

Se ware vun 801 bis 806 numeréiert. Speziell un där Lokomotiv ass, datt et dee Modell an Europa nëmmen um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gouf. D'Lokomotiv hat sech vun Ufank un als zouverlässeg a robust ervirgedoen, soudatt d'CFL, déi amgaange war déi lescht mëttelschwéier Damplokomotiven auszerangéieren, nach 13 Stéck wollt nobestellen. Well déi franséisch Firma Brissoneau & Lotz awer eng besser Präisoffer hat wéi d'AFB, krut déi den Zouschlag fir déi Liwwerung. Dat waren dunn déi 13 Nénghonnerter vun der Serie 850/900

 Commons: CFL 800 – Biller, Videoen oder Audiodateien