Serie 15 SNCB
Ausgesinn
Serie 15 SNCB | ||
---|---|---|
Nummeréierung: | 1501-1505 | |
Stéckzuel: | 5 | |
Constructeur: | Elektrescht: ACEC vu Charleroi Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles | |
Baujoer: | 1962 | |
Ausmusterung: | 2008 | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 77,7 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 17.750 mm | |
Héicht: | 4265mm | |
Maximal Achselaascht | ||
Héchstvitesse: | 160 km/h | |
Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum 1,5kV Gläichstroum 25kV 50 Hz Wiesselstroum | |
Leeschtung: | 2620 kW |
D'Lokomotive vun der Serie 15 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi 1962 kaaft goufe fir mat den TEE Zich tëscht Amsterdam a Paräis ze fueren.
Si kënnen ënner der belscher, franséischer an hollännescher Catenaire fueren.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]- Virun 1970 hat d'SNCB en anere System fir hir Maschinnen ze nummeréieren. D'1501-1503 houschen 150.001 - 150.003 an haten e Siemens Transformater, d'1504 a 1505 houschen 150.011 an 150.012 well se en ACEC Transformater haten. Den Transformater ass dat Stéck wat ënner Wiesselstroum d'Spannung vum Stroum aus der Catenaire an eng Spannung ëmwandelt déi de Motor verdréit. Bei den 15er sinn dat 1500 Volt Gläichstroum.
- Am Joer 2000 war d'Ausmusterung vun der Serie decidéiert an d'Maschinnen aus dem reguläre Service geholl ginn. D'Elektrifizéierung vun der Streck Rivage-Gouvy mat 25kV 50 Hz Wiesselstroum an en akute Manktem u Lokomotive fir déi Spannung, huet d'Serie 15 nees op de Plang geruff. Bis Enn 2008 hunn d'Maschinnen d'P Zich tëscht Gouvy a Liers gezunn. Mat der Wirtschaftskris 2008 an dem Réckgang vum Giddertrafic sinn CFL 3000 fräi ginn an d'Serie 15 gouf fir den 12. Dezember 2008 aus dem Service geholl.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: SNCB Class 15 – Biller, Videoen oder Audiodateien |