Serie 18 (Alstom) SNCB

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der vun Alstom gebauter Serie 18 SNCB. Fir déi vu Siemens gebauten Lokomotiven, kuckt wgl. Serie 18 (Siemens) SNCB.
Serie 18 (Alstom) SNCB
Nummeréierung: 1801-1806
Stéckzuel: 6
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1973-1974
Ausmusterung: 1999
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 113 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 22080 mm
Héicht:
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 180 km/h
Stroumsystemer: 1,5 Gläichstroum
3kV Gläichstroum
15kV Wiesselstroum
25kV Wiesselstroum
Leeschtung: 4320 kW

D'Serie 18 ass eng Serie vu 6 Lokomotiven déi d'SNCB an den Joren 1973 an 1974 bei der Firma Alstom bestallt huet. Si ware geduecht fir d'TEE Zich tëscht Paräis, Bréissel an Köln ze zéien. Si haten 3 verschidde Pantographe fir kënnen ënner de véier Haptspannungssystemer an Europa ze zirkuléiren a ware gréistendeels baugläich mat der Serie 40100 vun der SNCF.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Zich huet d'Serie 18, zesummen mat de Serië 15 a 16 op der Streck Paräis - Bréissel gezunn. Zesummen mat der Serie 16 hunn si d'TEE Zich a méi rezent d'InterCity A op Köln bruecht. No 1996 kommen d'18er nëmmen nach als Ersatz fir eng futtis 16er op Köln.

De Néiergang vun der Serie huet Mëtt 1996 mam Asaz vum Thalys ugefaangen. Am selwechte Joer verléiert d'Serie 18 hir Zouloossung fir Frankräich, well se net mat deem modernen KVB Sécherungssystem ekipéiert ass.

1997 gëtt d'Hallschent vun der Serie(1802,1804,1805) ausgemustert well et onwirtschaftlech ginn ass déi komplizéiert Technik z'ënnerhalen, obwuel d'Serie sou gutt wéi nëmmen nach am belsche Gläichstroumreseau ënnerwee ass.

1999 ginn déi lescht 3 Maschinnen ausgemustert well d'Zich a Richtung Däitschland sou rar gi sinn, datt d'Serie 16 déi Leeschtung eleng bréngen kann.

Datt d'Serie 18 nëmme 25 Joer laang gefuer ass, läit dorun datt et ze deier war d'Technik déi verbaut gouf permanent erëm a Stand ze setzen. Et war méi bëlleg d'Serie 16 fueren ze loossen déi obwuel se méi al war, méi zouverlässeg war.

Am Giddertransport ass d'Serie 18 ni gefuer, well et a Richtung Däitschland bis 2005 keng elektrifizéiert Gidderstreck gouf an well et fir den Giddertransport an Richtung Holland an Frankräich speziellt Material gouf, nämlech d'Serien 25.5 an 12.

Zoustand vun de Maschinnen[änneren | Quelltext änneren]

1801[änneren | Quelltext änneren]

1999 gouf d'1801 am Atelier vu Salzinnes bei Namouer zu enger provisorescher Testanlag ëmgebaut fir de Fonctionnement vun de moderniséierten I10er Voituren mat verschiddene Stroumspannungen ze testen. 2008 gouf se du verschrott.

1802[änneren | Quelltext änneren]

D'1802 gouf 1997 zu Kinkempois bei Léck ofgestallt an huet bis 2009 do viru sech hi gerascht iert se verschrott gouf.

1803[änneren | Quelltext änneren]

D'1803 zu Raeren um Terrain vu Rails & Traction

D'1803 sollt schonn 2005 verschrott ginn a war scho bei e Schrotthändler op Éibeng bruecht ginn, iert Rails & Traction eng privat Entreprise déi am Gleisbau an Entretient schafft, se kaaft huet. Wëll se nieft dem belschen 3kV Gläichstroum, och de Wiesselstroum vun 25kV verdréit, sollt se opgeschafft ginn a beim Entretient vun den Héichvitessstrecken franséisch Grenz-Bréissel, Lëiwen-Léck-däitsch Grenz an Antwerpen-hollännesch Grenz an den Asaz kommen. Well dat awer net sou geklappt huet wéi sech dat virgestallt gouf, gouf se zu Raeren um Terrain vu Rails & Traction ofgestallt.

De 7. Oktober 2011 gouf d'Lokomotiv, zesumme mat der 1806, an Tschechien iwwerfouert. Do solle s'opgeschafft ginn a virun tschecheschen Entretienszich agesat ginn. Ob dat méiglech ass, oder ob d'Schied un de Lokomotiven, wéinst der laanger Zäit zu Raeren, schonn ze grouss sinn, muss sech weisen.

1804[änneren | Quelltext änneren]

D'1804 gouf 1997 ausser Déngscht gestallt an sollt zu Kinkempois fir Ersatzstécker ausgeschluecht ginn. Well de Rescht vun der Serie awer schonn 1999 net méi gefuer ass, blouf se mat der 1802 bis 2009 do stoen a gouf mat hir zesumme verschrott.

1805[änneren | Quelltext änneren]

D'1806 zu Raeren um Terrain vu Rails & Traction

D'1805 ass als eenzeg Maschinn vun der Serie richteg erhale ginn. 2000 huet de PFT d'Lokomotiv vun der SNCB kaaft. Och wa se haut nach ëmmer an engem betriibsfäegen Zoustand ass, wäert se wuel ni méi fueren, well Infrabel, d'Bedreiwergesellschaft vum belsche Schinnennetz, dat refuséiert.

1806[änneren | Quelltext änneren]

Der 1806 ass dat selwecht geschitt wéi der 1803. Nodeem Rails & Traction se virum Schrotthändler gerett huet, sollt och si erëm opgeschafft ginn. Well och bei hir d'Schied méi grouss ware wéi ugeholl gouf och d'1806 2005 zu Raeren ofgestallt. De 7. Oktober 2011 gouf d'Maschinn mat der 1803 an Tschechien iwwerfouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 18 (Alsthom) – Biller, Videoen oder Audiodateien