CFL 260

Vu Wikipedia
CFL 260
Eng 260er an der Gare vu Wolz
Baujoer 1971
Numeréierung 261 - 262
Besteet aus 3 Këschten
Sëtzplazen 1. Klass: 016
2. Klass: 257
Stéckzuel 2
Ausgemustert 2005
Statut a Rumänien verkaaft
Technesch Detailer
Bauaart B'2'
Déngschtmass 107,5 to
Längt iwwer Puffer 74,450 m
Breet 2.650 mm
Héicht 3.300 mm
Héchstvitess 120 km/h
Homologéiert fir Lëtzebuerg
Frankräich

D'CFL-Serie 260 war eng Serie vun 2 elektreschen Automotricë vum CFL aus der SNCF-Serie Z 6100, déi do ënner den Nummeren Z 6168 an Z 6169 agedroe waren. Et waren dräideeleg Automotricë mat engem Motorwon, enger Remorque an der Mëtt, an engem Steierwon.

Déi éischt war 1981 bei der SNCF gelount ginn, fir séier en Ersatz fir d'254 ze hunn, där hire Steierwon de 24. Mäerz 1981 bei enger Entgleisung an der Afaart vun der Zwickau schwéier beschiedegt gi war. Am Mee 1982 gouf déi Ramm du bei der SNCF kaaft an als N° 261 immatrikuléiert. 1985 gouf eng zweet Garnitur kaaft an als N° 262 immatrikuléiert.

Enn 2005 nodeem d'CFL d'2200er a Betrib geholl hat, goufe s'aus dem Déngscht geholl an zesumme mat den 250er a Rumänien verkaaft wou se moderniséiert goufen an zanter 2006 an der rumänescher Klass 58 lafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL 260 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]