Op den Inhalt sprangen

CFL 1600

Vu Wikipedia
CFL 1600
Nummeréierung: 1601-1604
Stéckzuel: 4
Constructeur: AFB
Baujoren: 1955
Ausmusterung: 1994
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 108 Tonnen(ouni Chaudière)
Längt iwwer Puffer: 18.850 mm
Héicht: 4.225 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitess: 120 km/h
Leeschtung: 1286 kW (1750 PS)

D'CFL -Lokomotiven aus der Serie 1600 sinn diesel-elektresch Lokomotiven.

Nodeem déi belsch Staatsbunn SNCB 1954 nei Diesellokomotive bestallt hat, goufe bei der Ausliwwerung 1955 der véier dovun un d'CFL verkaaft. Déi Maschinne waren ageriicht fir eng Vitess vun 120 km an der Stonn. Se goufe vun der belscher Fabrick Anglo-Franco-Belge gebaut, déi vun der schweedescher Nydqvist och Holm eng Lizenz dofir kritt hat.

Déi véier Lokomotive kruten d'Nummere 1601 bis 1604 a ware wäirout (RAL 3005) a giel (RAL 1004) lackéiert.
1971 goufen déi kleng Nummeren an den alen CFL-Logo duerch méi groussgeschriwwen Nummeren an en neie Logo ersat.

1984 war d'1601 déi éischt vun der Serie, déi ausgemustert gouf. 1989 gouf se, als eenzeg 1600er, verschrott.

Nodeem d'1602 1994 ausgemustert gouf, huet Märklin se kaaft a se no enger Zäit un déi belsch PFT/TSP viruverkaaft. Si gouf an der Tëschenzäit an den SNCB Faarwe lackéiert a krut d'Nummer 202020, eng Nummer déi se eventuell 1955 als SNCB Maschinn kritt hätt. Et kann een driwwer diskutéieren, well d'1602 déi éischt Maschinn war, déi un d'CFL geliwwert gouf an d'Fabricksnummer 156 hat. D'5408 ex-202018 hat d'Fabricksnummer 155. Theoreetesch hätt also d'1602 missen d'202019 ginn.

D'1603 ass no der Ausmusterung op der Vennbunn gefuer a gouf 2006 vun der PFT/TSP kaaft

D'1604 ass zu Lëtzebuerg bliwwen, gouf an d'Rei gesat, a gehéiert dem Institut national pour le patrimoine architectural, dee se den 3. Mäerz 1989 als nationaalt Monument klasséiert huet.[1]

Commons: CFL 1600 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).