Op den Inhalt sprangen

CFL 150

Vu Wikipedia
CFL 150
Den Z 151 no senger Restauratioun
Technesch Detailer

D'CFL-Serie 150 waren Autoraile vun der Waggon-Fabrik Uerdingen déi um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gelaf sinn.

Besonnesch bekannt war en op klenge Strecken an op der Atertlinn. Duerch säi kuerzen Achsenofstand vu 4,5 m sinn d'Schléi, déi beim Iwwerfuere vun de Schinneverbindungen entstane sinn, zimmlech direkt weidergeleet ginn, wat net dat kamoudst Gefiers war. Dat war besonnesch op der Atertlinn ze spiere well do kuerz Schinne louchen (18 m) an déi Linn och net méi ganz gutt ënnerhale war. Op dëser Linn ass den Uerdinger dofir dacks Stuckeler vernannt ginn. Meeschtens ass e mat enger Remorque agesat ginn. Den Uerdinger, sou genannt nom Numm vun der Fabréck zu Uerdingen, war eng Autorail mat zwou Achsen a mat engem Dieselmotor.

Nodeem d'CFL mat de véierachsegen De Dietrich-Autorailen, déi op den Niewestrecken agesat goufen, gutt Erfarunge gemaach haten, hu fir d'Zäit ausser dem Beruffsverkéier nach Transportmëttele gefeelt.
Am Laf vum Joer 1950 huet d'CFL e Cahier de charges ausschaffe gelooss fir zéng liicht Autoraile mat Dieselmotoren a mat zéng Remorken. Um Enn vum Joer gouf e franséischen an en däitschen Autorail um lëtzebuergesche Schinnennetz agesat.

D'CFL huet liicht, zweeachseg Autoraile gebraucht, déi präiswäert unzeschafen, bëlleg am Ënnerhalt, a flexibel agesat konnte ginn. Si wollten doduerch 8 Damplokomtiven, 29 Voituren an 8 Fourgonen ersetzen.

D'Waggon-Fabrik Uerdingen an eng franséisch Firma[1] dem CFL am Dezember 1950 Autoraile fir Testfaarten zur Verfügung gestallt. Deen Test war därmoosse positiv fir den däitschen Autorail verlaf, datt d'CFL, no nëmmen 2 Deeg, 10 kuerz VT 95 (Autorailen) an 10 VB (Remorken) bestallt hunn. Sou war et net d'Deutsche Bundesbahn (DB), mä d'CFL, déi déi gréisst Commande vun den Uerdinger-Prototype gemaach huet.

D'Karosserie gouf aus zesummegeschweesste Stolrëpper, déi mat Liichtmetallblecher (Daach a Säitewänn) verkleet waren, fabrizéiert. De Buedem war aus Wellblech. Als Puffer goufe liicht Stousspufferen an als Kupplung (Attelage) deen aus dem Stroosseverkéier bekannten Unhängerzoch mat enger Zochstaang agebaut.

Op de Wellblechbuedem koum fir d'éischt eng Isolatiounsschicht, duerno eng Spärholzplack an da Lino. D'Säitewänn waren aus Spärholztafelen aus poléiertem Limbaholz, de Plaffong aus Spärholzplacken. D'Fënstere waren aus Spigelglas. Op den zwou Längssäite war e Gepäcknetz. Déi zwou Diere waren zweefligeleg a si vun Hand op an zougemaach ginn. Als Sëtzer goufe gepolstert Bänke mat schwenkbare Récker agebaut. Doduerch konnt een d'Récker ëmklappen, soudatt een ëmmer a Faartrichtung konnt sëtzen. Et waren 41 fest Sëtzplazen an 2-mol 3 Klappsëtzer agebaut, a 26 Stéiplaze virgesinn. An all Won war e WC vun nëmmen 1,10 x 0,80 Meter. D'Kabinn gouf mat enger Killwaasserheizung gehëtzt. Op all Enn vun der Kabinn war e Sëtz fir de Maschinist, deen ëm 180° Grad konnt gedréint ginn an doduerch och als Passagéiersëtz konnt profitéiert ginn.

Am Unhänger waren 6 Reie mat zesummen 30 feste Sëtzer an eng 4-sëtzeg Bänk op engem Enn vum Won. Um aneren Enn war e WC an e Gepäckraum vu 7,5 m2 mat 6 Klappsëtzer ënnerbruecht. Duerch déi méiglech 46 Stéiplazen (21 am Persouneraum, 25 am Gepäckraum) konnt d'Remorque bis 80 Persoune faassen.

De Chassis war aus U-Profil zesummegeschweesst mat diagonale Verstäerkungen. D'Achse goufe mat Rollelager a Blatfiedere geliwwert. D'Rieder haten en Duerchmiesser vun 900 mm. Op de Kappsäite ware Schinneraumer aus 50 mm stole Réier ugeschweest.

Motor a Boîte

[änneren | Quelltext änneren]

Als Motor war e 6-Zylinder Diesel mat Waasserkillung vu Büssing (Typ U9) agebaut, deen 110 PS bei 1.800 Emdréiungen/Minutt geleescht huet. D'elektromagnéitesch Boîte mat 6 Gäng gouf vun der „Zahnradfabrik Friedrichshafen“ (Typ 6 E-75) geliwwert.

Den Uerdinger hat eng Drockloftbrems vu Knorr (RV 453) mat Scheiwebremsen (op all Achs war eng Bremsscheif). D'Drockloft gouf vun engem Westinghouse-Kompresser, dee mat Käilrimmer vum Motor gedriwwe gouf, produzéiert. D'Handbrems huet och op d'Scheiwebrems gewierkt.

Elektresch Installatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Geliichts vun der Kabinn, d'Scheinwerfer, d'Kontrollinstrumenter an d'Gangschaltung hu mat 12 Volt funktionéiert, déi vun engem Bosch-Dynamo an zwou 12-Volt-Batterië vu jee 162 Ah geliwwert goufen.

  • Déi zéng Autorailen, déi 1951 a Betrib geholl goufen, kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis Z 160 an d'Remorquen Z 1051 bis Z 1060.[2]

Nodeem datt d'Z 155 de 5. Februar 1955 en Accident zu Béiwen-Atert hat, gouf si 1956 duerch d'Z 161 ersat.

De 551.669 am Fond-de-Gras

D'CFL hat 11 Stéck kaaft. Een dovun, den Z 151, war no der Pensionéierung 1971 ursprénglech vum Syndicat d'initiative vu Péiteng fir 20.000 Frang kaaft ginn a war dat éischt Gefier dat iwwer déi restauréiert Schinnen am Fonds-de-Gras gefuer ass.[3] En ass zanter September 2014 erëm am Fond-de-Gras ze gesinn, nodeems en an de Jore virdrun an den Ateliere vun der AMTF (Association des Musée et Tourisme Ferroviaires a.s.b.l.) komplett restauréiert gouf. En zweeten, dee baugläich ass wéi dem CFL säin Z 161, leeft beim Train 1900 ënner der Nummer 551.669.

Commons: CFL 150 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Warscheinlech Billard-CGC-SNAV mam Schinnebus X 5600
  2. cf. Lëscht op rail.lu
  3. Luxemburger Wort vum 22. September 2014, S. 41: Wiedergeburt der alten Dame