Diskussioun:Société nationale des chemins de fer luxembourgeois

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zuchstreckekart[Quelltext änneren]

A wou ass dann w.e.g. Streck Beetebuerg - Rëmeleng op der grenger Kart ? --SITCK 23:31, 21 Oktober 2006 (UTC)

Du hues Recht. Déi Kaart ass vun engem de-Wiki-Mann, dee ken gAnung huet vun eisen Zuchstrecken. Am beschte so deem Bescheed, da mécht deen eng nei. --Cornischong 23:37, 21 Oktober 2006 (UTC)
Gudde Moien
Hei behaapt een de 27 November 2005 d'Kaart géif nach iwwersaat ginn. Ech verstinn dat net esou richteg. Si ass dach scho vu Franséisch op Däitsch iwwersat ginn. Wat wëlle mer dann nach weider. Fänke mer elo u kriddeleg ze ginn. :-)  :-) :-)
Les Meloures 08:17, 3 Juni 2007 (UTC)

"an nächster Zäit", "an nächster Zukunft"[Quelltext änneren]

Kinnt ee vun eise Spezialiste wegl. dës wackeleg Zäitreferenzen duerch eppes méi Konkretes ersetzen (am Stil vun "bis 2009", "virun Enn 2007" oder esou)? Merci! --Zinneke 13:07, 12 Juni 2007 (UTC)

ass an gaangen[Quelltext änneren]

"D'Restauratioun vun der E-lok 3608 ass amgaangen." Wéini ass dat? Haut? A mar gëscht? --Cornischong 10:25, 14 Juni 2007 (UTC)

D'CFL oder den CFL[Quelltext änneren]

Also ech géing op dëser Plaatz gär eng kleng Diskussioun féiren iwwert d'Wuert "CFL", méi genee iwwert den Artikel(am grammatikaleschen Sënn) dozou. Ech sinn mer absolut sëcher datt et "d'CFL" ass. Net "den CFL". Ech kann leider net begrënnen firwat, mä ech stoussen mech zollitt un der Versioun "den CFL". --Luxmaster 15:39, 10. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien
Dat hei kann eng Diskussioun ouni Enn ginn.
Vu datt et e Logo vun engem Wuert an der Méizuel ass misst et eigentlech d'CFLen heeschen.
D'Leit schaffen och beim CFL an net bei den CFL oder CFLen. Et bleift deemno éischter eng Gefillssaach.
Perséinlech stoussen ech mech méi un all deenen anere pertinente Schreiffeeler déi trotzdeem, datt se bis iwwer honnertmol verbessert goufen ëmmer erëmkommen.
--Les Meloures 16:28, 10. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien och.
Ech perséinlech hunn 42 Joer laang op der Bunn oder um CFL, a net beim CFL, geschafft. En aneren dacks gebrauchten Ausdrock ass: "Hie schafft um Chemin de Fer". Also ass et schwéier ze definéieren op d'Ofkierzung CFL elo männlech oder weiblech ass. Den Urspronk vun der Bezeechnung schéngt mir d'Eisebunn ze sinn, an déi ass weiblech. Also ass fir mech d'CFL richteg. --Pecalux 05:09, 11. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Grouss oder kleng geschriwwenen Titel?[Quelltext änneren]

Vu datt d'CFL am Firmeregister grouss geschriwwen agedroen ass, froen ech mech, ob mer den Titel net och solle grouss schreiwen, well d'Firmeregister jo déi richteg Bezeechnung féiert.

Wann en am Historique vum Artikel beim 25. Feb. 2009 um 08:57 kuckt da gesäit ee firwat dat soll sou sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:16, 17. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]


PS -- well d'Firmeregister jo déi richteg Bezeechnung féiert, dat ass och alt sou eng Meenung. Dann hues de d'Feeler déi do ze fanne sinn nach net entdeckt --Les Meloures (Diskussioun) 20:18, 17. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]
An dat si wat fir eng? Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois muss jo net korrektem Franséich, mee der gesetzlecher Bezeechnung entspriechen... --Helicopter2011 (Diskussioun) 22:23, 17. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]
Déi Meenunge sinn hei schonn op d'mannst dräimol duerchgeknat ginn. Tastsaach ass datt Groussschreiwung vun normale Wierder an der Mëtt vun Titele falscht Franséisch ass an dorun hale mir ons. Dat ass eng Decisoun déi hei zesumme mat de Sproochwëssenschaftler geholl gouf, déi hei op der Wiki matschaffen. Déi franséisch Wiki mecht dat genee d'selwecht. Dat kanns de hei noliesen dran. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 18. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]