Benotzer Diskussioun:Helicopter2011

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eifeler Regel[Quelltext änneren]

Moien,

Kuckt Iech vläicht dësen Artikel mol un. Do gidd Dir gewuer wéini datt den N hanne muss ewechgelooss ginn a wéini net. --91.180.210.19 17:35, 3. Nov. 2014 (UTC)


Moien, wann Ären Text op eng korrekt Schreifweis verbessert gouf, da musst Dir Iech net wéi de Géck un de Bengel halen, fir se nees falsch ze maachen. --91.180.219.12 20:21, 21. Dez. 2014 (UTC)

Moien, et wier vläicht net schlecht wann Dir mol e Bléck an eis Schreifweis géift geheien. De grujeleschen däitsche Sazbau klappt net sou richteg bei ons. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 17:32, 25. Dez. 2014 (UTC)

Garen[Quelltext änneren]

Op dëser Säit gouf eng Fro gestallt. Merci fir eng Äntwert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:09, 25. Dez. 2014 (UTC)

Ech hunn déi Behaaptung da well keng Äntwert koum mol aus dem Text geholl.
Dann nach eng Klengegkeet: Wann auslännesche Kauderwelsch op lëtzebuergesch verbessert gouf, da muss een dat net onbedingt nees falsch dohi schreiwen. Dat mécht onnëtz a lästeg Aarbecht. --Les Meloures (Diskussioun) 19:32, 25. Dez. 2014 (UTC)


Maacht Dir dat wierklech express. Ech hunn den Numm vu Meuse TGV op Gare Meuse TGV extra an der Lëscht geännert fir datt de korrekte Lemma soll geholl ginn. Et wier och gutt fir mol een Artikel e bësselchen auszebauen amplaz mat sou Skizzen (fir dat net anescht ze nennen) einfach droplass ze knuppen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:51, 25. Dez. 2014 (UTC)


Remoien, wann eng einfach Opzielung vun de Garen net duergeet an et mengt een et misst een e Saz derbäisetzen, da soll dien awer korrekt sinn. Zu Lëtzebuerg läit näischt un enger Streck mä op enger Streck, net un der Musel mä op der Musel, net un der Strooss mä op der Strooss oder laanscht d'Strooss. Ech wënschen nach vill Freed mat deem däitschem Tabellegestriwwels. Vü datt den Artikel iwwer déi Linn handelt ass et zimlech kloer datt déi Garen déi do ernimmt ginn zu där Linn gehéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 20:42, 25. Dez. 2014 (UTC)


Ech hu mech och lo 3 Deeg ameséiert fir déi lëtzebuergesch Linnen un d'Donnée vum Reseau unzepassen. Da musst Dir déi net nees zréckvernenne goen. Si mer hei da wierklech an der Spillschoul. --Les Meloures (Diskussioun) 20:46, 25. Dez. 2014 (UTC)

Stännegt Vernännen[Quelltext änneren]

Wéi wär et an engem aaneren Toun ze schreiwen? Gebildt Leit=Gebildten Toun!!!

Re-gudden Owend. Mäin Toun hält sech an de Limitte vum Méiglechen sou frëndlech wéi méiglech. Ech schreiwen Iech jo keng Frechheeten. Mam net-äntweren (wat allerdéngs menger Opfaassung no eng Onhéiflechkeet ass) a mam Weiderfuere vun Oniwwerluechtheeten maacht Dir anere Leit vill Arbecht. Dat ass och net déi héiflechst Astellung. Mat de Gleiser an der Gare Meuse TGV schengt och eppes net ze stëmmen, ech sinn zwar net 100% sécher mä ech mengen do leien och nach zwee Rangéiergleiser. --Les Meloures (Diskussioun) 21:03, 25. Dez. 2014 (UTC)
Ausserdeem sinn daat numol net d'Linnen 1, 3, 6 etc. mee d'Linnen 10, 30, 60 etc.
Kuckt Iech dach mol nëmmen einfach d'Reseauskaart un. --Les Meloures (Diskussioun) 21:07, 25. Dez. 2014 (UTC)
D'Net Äntwerten däerf dir net perséinlech huelen, wéi gesoot wosst ech bis virun kuerzem net wéi daat géing goen. Ech hunn mir d'Kaart vum Réseau ugekuckt http://studyinginluxembourg.files.wordpress.com/2011/11/map_cfl.jpg?w=490, a sinn nach emmer menger Menung.
Dat do ass déi falsch. Hei ass déi rezentst: http://www.cfl.lu/espaces/infrastructure/fr/réseau/réseau-infrastructure mat de Bezeechnunge vun de Linnen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:26, 25. Dez. 2014 (UTC)
PS: déi war och schonn zweemol an de Linnendiskussiounen opgefouert ginn. Mä wa keen d'Diskussioune liest dann ......... --Les Meloures (Diskussioun) 21:29, 25. Dez. 2014 (UTC)
Ok, pardon, dann huet d'CFL erem eppes missen drun dréinen goen, entschelegt fir meng Virwerf.

D'CFL ënnerscheed tëscht de Fahrplanglinnenn, déi zu all Moment ännere kënnen (Linnen 10, 30, asw,) an der Topographie, déi nëmmen ännert wann eng nei Streck derbäi kënnt oder eng al Streck verschwënd (Strecken 1, 3, asw.). Dat eent betrëfft nëmmen de kommerzielle Persouneverkéier vun der CFL, dat anert betrëfft d'Streckenetz, dat dem lëtzebuerger Staat gehéiert a géint Redevancen vum CFL geréiert gëtt. --Pecalux (Diskussioun) 07:45, 26. Dez. 2014 (UTC)

16 ⅔ oder 16,7[Quelltext änneren]

Moien, Dir misst Iech vläicht eens sinn ob et 16 ⅔ oder 16,7 ass. Et kënnt mir abstrus vir, fir an deem engen Artikel op 16,7 ze verbesseren an dann an deem aneren nees selwer 16 ⅔ anzesetzen. Oder hunn ech eppes guer net verstanen, oder werft Dir 2 Saachen duercherneen. --Les Meloures (Diskussioun) 22:16, 29. Mäe. 2015 (UTC)

16,7 / 16 2/3 Hz[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, et Deet mir Leed dass ech an der Hinsicht net opgepasst hunn, well letztendlech sinn et 16,7 Hz. Ech wollt iech och nach dorop Opmierksam maachen, dass ech virun e puer Deeg am Artikel iwwer d'Eisebunns Elektrifizéierung folgendes gelies hunn: D'SNCF wëll d'Streck tëschend Thionville a Lëtzebuerg mat 25 kV elektrifizéieren, während d'SNCB Wëlles huet, d'Streck Bréissel-Lëtzebuerg mat 3 kV ze elektrifizéieren. Ech wéilt iech als Admin froen, wéi esou e Brach ka geschriwwe ginn a net verbesser gëtt, well: 1. Déi Béid Strecken si schonn elektrifizéiert an 2. Streck Richtung Arel gëtt am Moment op 25 kV emgerüsst.

Remoien,
souwäit wéi ech erausfonnt hunn ass 16⅔ d'Norm vun de Motoren am TGV a 16,7 d'Norm wéi an Däitschland soll an d'Netz agespeist ginn. Oder ieren ech mech do?
Ech wéilt iech als Admin froen, wéi esou e Brach ka geschriwwe ginn
Mä do ass d'Äntwert ganz einfach: Dat wat Ierer Meenung no Brach ass, ass sou augedréckt am historesche Kontext vun der Situatioun vun ëm 1950 honnertprozenteg richteg. Wann Dir mäi Kommentar deen ech derbäigesat hunn wéi ech Ier Ännerung zréckgesat hunn, gelies hätt (Do geet et ëm déi geschichtlech Entwécklung an net ëm d'Situatioun vun haut.), dann hätt dir elo net bräichten ze froen. M.f.G. --Les Meloures (Diskussioun) 11:15, 30. Mäe. 2015 (UTC)
Qsicon Ueberarbeiten.png Den Artikel DB-Baurei 406 deen Dir ugefaangen hutt entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

--91.180.212.36 08:27, 5. Abr. 2015 (UTC)


Moien, kuckt Iech mol w.e.g. dës Säit un. Da ka ganz nëtzlech sinn wann ee Lëtzebuergesch schreift. --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 6. Abr. 2015 (UTC)

Elektronesch Stellwierker[Quelltext änneren]

Moien, ech wollt froen, waat u mengem Bäisaatz iwwer elektronesch Stellwierker net richteg waar, ech hu schließlech geschriwwen, waat verlaangt waar. Helicopter2011

Do stoung just datselwecht wann net nach manner wéi am Artikel Stellwierk wat och schonn eng minimalistesch Definitioun ass. En plus war e voller Feeler. Aner Mataarbechter kënne sech net permanent ameséieren fir hannendrun ze lafen fir Är Feeler ze verbesseren an dat dann och nach fir déiselwecht Informatioun op 2 Plazen.

ZU engem Artikel gehéiert eng korrekt Deinitioun am Ufank an där erklärt gëtt wat et ass a wéi et funktionnéiert. Et ass an éischter Linn guer net wichteg ob dat zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt a vu weem et gebaut gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 22. Mee 2015 (UTC)

Fligerei[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Et gëtt komesch Saachen, do gëtt no enger Quell gefrot, déi gëtt dann och geliwwert, awer komescherweis gëtt net gekuckt wat an der Quell steet, an am Artikel bleift déi net sou ganz richteg Informatioun stoen. Wat den Artikel Luxembourg Approach ugeet do gëtt Belgocontrol eng aner Frequenz fir Brussels Control un. Wiesselen déi Frequenze permanent oder huet Belgocontrol onrecht? --Les Meloures (Diskussioun) 15:36, 6. Sep. 2015 (UTC)

Ok, dat kann ech novollzéien, mä wier et dann besser a sou Fäll näischt unzeginn (dovun ofgesinn datt Dir dat net waart). Dat wier op jiddwer Fall besser wéi Informatiounen ze liwwerenen déi vu jiddwerengen kënne kontestéiert ginn. Wat mengt Dir dozou? --Les Meloures (Diskussioun) 16:06, 6. Sep. 2015 (UTC)


Moien,
Just eng kleng Bemierkung, an der Zäit wou ech mol e bësselche ronderëm geflu sinn, goufen déi sougenannt Weepunkten an der Aviatioun Intersectioun genannt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:35, 10. Sep. 2015 (UTC)
Bei der de:Wiki gi se fir de pezifesche Fall och Intersection genannt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:44, 10. Sep. 2015 (UTC)
Jo genee, ech sinn am gaangen mech domatter ze beschäftegen fir et méi genee ze verstoen. Merci

Keng Fluchprozedur[Quelltext änneren]

Wat déi aner dozou soen:

Standard instrument departure (SID) routes, also known as departure procedures (DP), are published flight procedures ........ sinn déi méi domm wéi mir. Oder wat gëtt zu Lëtzebuerg ënner enger Fluchprozedur anescht verstanen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:08, 11. Sep. 2015 (UTC)

A flight procedure is the plan of operations that an aircraft has to follow while in the vicinity of an airport, in order to depart or land.

Jo, domatter hudd dir Recht, mee Piloten - op zu Lëtzebuerg, an Däitschland oder wou och ëmmer - maachen en Ënnerscheedt tëscht Fluchprozedur a Flight Procedure. Als "Fluchprozedur" gi Start, Landung, also lauter definéierbar Ofschnëtter vun engem Fluch bezeechent. Zu Flight Procedures dogéint ziele wéi dir scho gesoot hudd SIDen, STARen, asw.
Neen déi définéiert Ofschnëtter si Fluchphasen a keng Fluchprozeduren.
ass eng festgeluecht Streck steet elo am Artikel. Dat jäitzt no Prozedur. Fir eppes festzeleeën muss een eppes decidéieren. Well dat awer net vu Fall zu Fall décidéiert gëtt, muss eng Prozedur festgehale ginn déi ëmmer fir eng bestëmmt Destinatioun d'selwecht ass an och muss agehale ginn. Dat ass den Haaptzweck vu sou Prozeduren. --Les Meloures (Diskussioun) 12:36, 11. Sep. 2015 (UTC)
a wat d'Italiener soen: Con Standard Instrument Departure si intende una procedura di partenza strumentale --Les Meloures (Diskussioun) 12:50, 11. Sep. 2015 (UTC)
T'ass gudd! Elo soen ech iech emol eppes: Et geet net nëmme mir, mee ganz villen aanere Leit extrem op d'Nerven, dass dir iech ëmmer esou behuelt, wéi wa mir kléng domm Benotzer - n'ayant pas peur des mots - deen allerleschte Paa** wieren deen alles falsch mécht. Ech fannen et onméiglech dass dir souguer an den italienesche Wikipedia kucke gidd, wou dir wahrscheinlech selwer näicht verstitt! Waat bréngt daat!? Iech bréngt et e schlechte Ruff! Ech verléiere sou lues d'Gedold a virun allem d'Loscht op Wikipedia eppes ze maachen. Waat déi Prozedur ugeet: Ech hunn et scho bei der éischte Kéier verstaan.
Et schengt es net datt Dir dat vestanen hutt, soss hätt dir d'Fluchprozedur net aus dem Artikel erausgeholl. Fest steet datt eng Parti Wikie an e Pak Websäite soen datt et eng Prozedur ass. Dir fannt et onméiglech datt ech an d'italienesch Wiki kucke ginn. Wat ass onméiglech do drun. Et ass guer näischt onméiglech dodrun, soss hätt ech et net kënne maachen. An ob ech italienesch verstinn oder net oder wéiwill, steet hei guer net zu Debatt. Et ass just traureg datt aner Leit sech nëmme just un den tranmuselaneschen Texter orientéieren, a mol net drun denke fir bei déi aner Nopere kucken ze goen. Et ass och schlëmm datt déi Leit déi hei Saachen nokucken, méi Zäit mussen drastiechen fir datt den Artikel enzyklopedesch akzeptabel ass, wéi déi déi e wëlle maachen. Wa sougenannt Insider den Ënnerscheed z.B. tëscht Skyguide a Skycontrol net wëssen an hei Skycontrol als d'Kontrollorgan uginn da fänkt et un um Wikipediahorizont ganz däischter ze ginn. An déi déi dat da verbessere sinn déi béis a ginn deenen aneren déi et falsch geschriwwen hunn op d'Nerven. Ma gudde Mëtteg dann. --Les Meloures (Diskussioun) 13:45, 11. Sep. 2015 (UTC)
Waat soll daat mat Skyguide heeschen?
Ma et ass Skyguide déi d'Loftkontroll an der Schwäiz mécht an net Skycontrol dat Dir lëschteg verlinke gaange sidd ouni ze kucken ob dat iwwerhaapt stëmmt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:19, 11. Sep. 2015 (UTC)

Dann nach eng zur Prozedur:

Ps: doriwwer eraus verstinn ech franséisch relativ gutt, wann och net besser wéi d'italienesch mä et geet duer fir den heiten Text ze verstoen deen d'Direction générale de la navigation aérienne schreift:

il existe deux types de départ:
  • la procédure de départ sur trajectoire - SID ; (SID ass jo wéi et schéngt Standard Instrument Departure)
  • les procédures de départs omnidirectionnels
--Les Meloures (Diskussioun) 14:19, 11. Sep. 2015 (UTC)

Eischtens: Skyguide. Do gesinn ech mäi Feeler an. Ech haat zwar gekuckt, an do (wikipedia.de) stoung och Skyguide, mee ech hu mech verdunn an hu nëmme well ech duerchenee war Skycontrol geschriwwen. Do deet et mer wirklech Leed, dass ech e Feeler gemaach hunn, mee ganz éierlech, esou eppes ass iech dach mindest schon eemol passéiert? Ech ginn och elo sou lues op déi Method iwwer, en Artikel als éischt am Word ze schreiwen, en e puer Mol ze iwwerliesen an op Feeler ze iwwerpréifen (hunn soss och normalerweis gemaach) an da réicht online ze setzen. Iwwregens hunn ech mech nie als Insider oder aanescht ausginn.
Zweetens: Ech hunn daat mat der Fluchprozedur elo verstaan, dir braucht iech also kéng Méi méi ze maachen, mer nach 53'786 weider Informatiounen ze sichen.
Drëttens: Gidd dir mir, als Admin, elo mol e Feedback... Brauch d'Wikipedia mech iwwerhaapt? Ëmmerhin hunn ech mech ëm eng Dosen Artikelen iwwer Fligeren an Zich gekëmmert, oder war daat iwwerflësseg a net brauchbar...

Remoien, ob d'Wikipedia Iech brauch oder net ass eng zimmlech quokeleg Fro. Jiddweree kéint déi stellen an d'Äntwert wier fir jiddwereen déiselwecht. D'Wiki brauch Iech net méi wéi mech oder iergendeen aneren, well et ass keen do, deen decidéiert wie gebraucht gëtt a wien net. All Artikel dee geschriwwe gëtt mécht Sënn soulaang wéi en an engem eenegermoossen akzeptable Lëtzebuergesch geschriwwen ass, an eng enzyklopedesch Relevanz huet. Wann Är Artikelen iwwerflësseg oder net brauchbar gewiescht wieren da stéinge se scho laang net méi do. Et soll ee sech awer, wa mer scho méi wéi 2 Sprooche kënnen net nëmme bei den Tranmuselaner orientéieren, mä eben och an anere Wikien, wann et muss sinn och an der italienescheer oder der spuenescher, an op seriéise Websäiten (et gëtt der vill déi vu Fachleit gemaach sinn), a sech da selwer eng Meenung maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:55, 11. Sep. 2015 (UTC)

Mir si Lëtzebuerger a kéng Fransousen

Mir kënnen dach net béides sinn, Lëtzebuerger an och nach kéng Fransousen. :-) --81.242.159.135 11:54, 22. Jan. 2016 (UTC)
Achsecompteur ass awer FALSCH! Keen an dësem Land ausser dir benotzt daat Wuert 'Compteur'.

Achsecompteur[Quelltext änneren]

Gudde Moien,
De Compteur ass dat technescht Wuert wéi et zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt. Keen ee vun onsen Dictionairen iwwersetzt den fr. compteur mat Zieler, an och aus dem Däitschen hunn ech bis elo kee fonnt. Wann Dir an der Literatur eng pertinent Quell hutt da kënnt Dir déi mol vläicht uginn. Den Ierbessenzieler oder och -zielesch huet an deem Sënn näischt mat deem techneschen Apparat ze dinn. Sou Aussoe wéi Keen an dësem Land benotzt dat Wuert misst ee kënne beweisen, an net nëmme behaapten.
E puer Beispiller aus den Dictionnairen:
Am LWB: Compteur (wie frz., doch Ton 1) M.: «Zähler» (Gerät zur Mengenbestimmung) — en elektresche C. — e Gas-, e Waassercompteur.
Am DFL: kuckt Compteur op der Säit 112
Am LOD: Compteur männlecht Substantiv (Pluriel Compteuren)
1. DE Zähler [Messgerät] FR compteur [à gaz, à eau, d'électricité]
Beispill: e Gemengebeamten ass de Compteur vum Waasser ofliese komm
2. DE Tachometer FR compteur [compteur (de vitesse)]
Beispill: hal de Compteur am A, hei kontrolléiert d'Police dacks d'Vitess
Eis Dictionnaire wäerten dat wann et Iech no geet, wuel sou schreiwen, well keen an dësem Land dat seet oder wéi soll een dat soss verstoen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:39, 22. Jan. 2016 (UTC)
Remoien,

waat déi Saach mam Baudeel ugeet, deet mer Leed, hu net opgepasst. Déi aaner Saach: Dann musse mer déi Wikipedia ëmenennen. Dann ass et net méi eng lëtzebuergeg mee eng franséich mat engem Brochdeel vum Lëtzebuergegen. Ech wëll iech net nerven mee dës Fro ass elo ganz eescht geméngt: Fänkt mat all deene Wierder, déi mat der Zäit aus dem lëtzebuergege gestrach ginn, d'Frankophoniséierung vum Land un? Wa jo, dann ass dës Wiki iwwerflësseg!

Ech mengen Dir hutt eppes net richteg verstanen: Dat Wuert Zieler als techneschen Ausdrock ass et am Lëtzebuergeschen ni ginn, a kann och deemno net gestrach ginn. Ech hunn all déi al Dictionnairen nogekuckt. A wat d'Oppassen ugeet: Wann ee beim Schreiwen e Feeler mécht da kann ee sech entschëllegen datt een net opgpasst huet, mä wann een eppes dat richteg do steet ännert da misst ee sech schonn zweemol iwwerleeën op déi Ännerung korrekt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 13:21, 22. Jan. 2016 (UTC)

Baudeel[Quelltext änneren]

Remoien, wa Baudeel mat sengem korrekte Genus d.h. maskulin do steet, da brauch een net an neutrum änneren ze goen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:46, 22. Jan. 2016 (UTC)

Bremskéier[Quelltext änneren]

De Memor II+ iwwerwaacht eng Bremskéier

Wat ass eng Bremskéier? Ass dat och sou eng zu Lëtzebuerg agebiergert Bezeechnung da alt just ech alleng net kennen? --Les Meloures (Diskussioun) 13:14, 24. Jan. 2016 (UTC)

Eng Bremskéier ass en Diagramm op dem d'Streck (d'Längt) duergestallt gëtt op där den Zuch eng bestëmmte Vitesse muss erreechen. Et géif och hëllefe mol e bëssen am Internet ze recherchéieren am Plaatz déi ganzen Zäit ze meckeren.
Déi Dénger op engem Diagramm heeschen Kurve op däitsch, courbe op franséisch a Kurv op Lëtzebuergesch (DFL Säit 129, an anerer; et huet kee Wäert am LOD ze kucken deen ass nach net sou wäit), an hu mat enger Kéier (de: Kehre fr: virage, wat jo och pure Quatsch wier) guer näischt ze dinn. Souwäit zum Recherchéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 14:47, 24. Jan. 2016 (UTC)
Dajee, dann ass et halt eng Kurv. Wann der et scho virdru wosst dann ännert et a klugscheißert net nach bis ech geäntfert hunn.
Et geet guer net drëm wat ech wousst oder net. Et geet drëms datt dir Kabes schreift an Iech keng Gedanke maacht fir Iech fir 5 Sou korrekt auszedrécken.
Datselwecht gëllt fir dee rapide Lokführer. bei där de Lokführer no 800 Meter eng Vitesse vun ënner 60 km/h errecht muss hunn, soss kritt en eng Zwangsbremsung. Wier dat net vläicht den Zuch deen eng Vitesse vu manner wéi 60 km/h misst hunn.???? --Les Meloures (Diskussioun) 15:02, 24. Jan. 2016 (UTC)
Da maacht et besser, dofir sidd dir jo do ;-)
Do iert Dir Iech fatzeg. Déi eng Mataarbechter sinn net do fir permanent deenen aneren hir Kaalwereien ze verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 15:27, 24. Jan. 2016 (UTC)
Do iert Dir Iech fatzeg. Déi eng Mataarbechter sinn net do fir permanent deenen aneren hir Kaalwereien ze verbesseren. Da maacht et net, ass ganz einfach!
Moien
Den ETCS an de Memor II+ solle bis den 30. Juni 2017 parallel existéieren, ab dem 1. Juli 2017 wäert den ETCS den eenzeg gëltegen Zuchsécherungssystem um lëtzebuerger Eisebunnsréseau sinn. Am Moment däerf zu Lëtzebuerg am Regelbetrib nëmmen d'CFL mam ETCS fueren. Dësen Zoustand wäert bis zu der offizieller Abetribnam bestoen.
Vu wou kommen déi Informatiounen? --Les Meloures (Diskussioun) 13:03, 9. Mee 2016 (UTC)
Aus dem DRR, Kapitel 3.7

DRR[Quelltext änneren]

Gudden Owend, Och dës Streck gëtt am DRR offiziell mat der Grenz bezeechent.

Wat ass den DRR. Ass dat sou eppes wéi e Kursbuch?

Nee, et huet an éischter Linn näischt mat de Fuerpläng ze dinn... Vill méi ass et e generellt Dokument, an dem d'Eegeschafte vum Eisebunnsréseau beschriwwe sinn... Dorënner d'Linne, mee och Beschreiwunge wéi een Accès op de lëtzebuergeschen Eisebunnsréseau kritt. DRR steet fir | Document de Référence du Réseau.

Linn 4[Quelltext änneren]

Moien,

Ass iergendwou bekannt wéini den Deel Lëtzebuerg-Bierchem (3. Gleis) gebaut gouf. Am Ufank war den Uschloss fir op Éiter jo op der Linn 6 zu Fenteng. Wat och nach komesch ass, datt d'Aarbechte fir déi Streck 1915 ausgeschriwwe goufen (z.B: fir de Bau vum Tunnel) d'Streck awer scho komplett op den topographesche Kaarte vun 1907 ze fannen ass. --Les Meloures (Diskussioun) 08:42, 6. Mäe. 2017 (UTC)

Moien,
wéini d'Linn ausgeschriwwe gouf, kann ech net soen. Am Ed Federmeyer sengem 3. Band steet awer op Säit 270 folgendes: Mitte Oktober 1918, einige Wochen vor Kriegsende, war ein Gleis auf der Strecke Ötringen-Berchem bis zur Abzweigung Fentingen, die Verbindungskurve von Fentingen in Richtung Luxemburg und das dritte Gleis auf der anschließenden Bahn nach Luxemburg fertiggestellt. Die Betriebsaufnahme erfolgte hier am 20.10.1918. Méi spéit fënnt ee folgendes: Die Umgehungsstrecke war bis zum Herbst 1940 nur in der Richtung Ötringen-Fentingen-Luxemburg befahrbar. Erst nach dem deutschen Einfall in Luxemburg im Mai 1940 wurde die Verbindung von der deutschen Wehrmacht fertiggestellt und am 01.09.1940 in Betrieb genommen. Ech hoffen ech konnt Iech hëllefen.
Merci dat konfirméiert och déi komesch Kilometragen op där Streck. --81.244.214.209 10:09, 6. Mäe. 2017 (UTC)

Franséisch Schreifweis[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg, d'Wikipedia Communautéit huet virun e puer Joer decidéiert, déi korreckt franséisch Schreifweis vun den Nimm vun de Verwaltungen, Instituter, Schoulen asw unzewenden. D'Reegel seet: nëmmen dat éischt Wurt vum Numm fänkt mat engem grousse Buschstaf un, alles aneres bleift kleng geschriwwen.
De Prinzip ass deen haiten: den Numm vun engem Institut, enger Verwaltung gëtt duerch e Gesetz oder e Règlement grand-ducal/ministériel festgesat. D'Schreifweis awer gëtt duerch d'Reegele vun der Schreifweis festgeluecht. Kuckt och z.B. Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg, Police grand-ducale, Musée national d'histoire et d'art, asw. Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 13:54, 2. Jul. 2017 (UTC)

Dir kënnt jo mol verroden, wou déi Feeler sinn...)[Quelltext änneren]

Besonnegkeeten z. B. -- Wat ass sou Sonneges do derbäi?

Ech huelen un datt Dir de Rescht scho gemierkt hutt.

Dann nach: Abetribnam ? Wat ass mat der Abetribnam gemengt? --81.244.214.179 14:40, 22. Jul. 2017 (UTC)

Mat Abtribnam mengen ech (an iwwregens och déi däitsch Kolleegen) d'Erëffnung vun der Loftrettungsstatioun, mee Loftrettungsstatioun ass schwéier ze definéieren, well den Helikopter kee fixe Site huet a quasi nëmmen als "Zousaz" zur Verfügung steet.
Dat mat de Bonnegkeeten ass esou eng Saach... Éischtens gëtt d'Maschinn a regelméissegen Ofstänn gewiesselt, wat am Ausland scho mol (zumindest an Däitschland) net esou geleefeg ass. Dat béngt mat sech dass een net weess, wat fir eng Equipementer wierklech an där jeeweileger Maschinn dra sinn. An ausserdem hunn ech nach nie eng offiziell Bestätegung kritt, dass den Air Rescue 1 soll Bildverstäerker-Brëller hunn, an der Nuecht flitt deen neemlech am Normalfall net, ausser wann e méi spéit vun engem Asaz zréck kënnt... Ech géif éier drop tippen dass den Air Rescue 3 Bildverstäerker Brëller huet, mee dat muss ech kucken.
Ech wäert e Méinden un de Service Central de Législation schreiwe fir déi Konventioun ze kréien, déi 1991 tëscht dem Staat, der Air Rescue an der Protex ënnerschriwwe gouf, dës Konventioun ass neemlech net online verfügbar, ech si mer awer sécher dass se deemols am Mémorial publizéiert ginn ass. Ausserdem ginn et nach aner Konventioune vun der Air Rescue, déi - contrairement zu där déi ech wëll hunn - um legilux stinn. Ech si mer sécher do wäerten all déi Besonnegkeeten dra festgeluecht sinn.
Du gëss der vill Méi mä mam Lëtzsbuergesche schéngt et net sou zou klappen Besonnegkeet ass kee Lëtzebuergesch. Lëtzebuerger soen dofir Besonnesches. Abetribnam ass och e schlechten Ausdrock. Wanns de an anere Këscht kucks da fënns de besserer wéi A Betrib zanter oder A Betrib geholl: Eng Crew ass eng Equipe a.s.w. --Les Meloures (Diskussioun) 15:18, 22. Jul. 2017 (UTC)
Jo ech probéieren ëmmer wuertwiertlech z'iwwersetze wann den lod näicht méi bréngt, ech mengen ech muss emol ufänke méi ze ëmschreiwen... Bei Crew hunn ech eben dat Wuert geholl well et esou an den Joint Aviation Requirements fir d'Duerchféierung vum kommerzielle Verkéier mat Helikoptere bezeechent gëtt.

Share your experience and feedback as a Wikimedian in this global survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 18:40, 29. Mäe. 2018 (UTC)

Reminder: Share your feedback in this Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 01:38, 13. Abr. 2018 (UTC)

Your feedback matters: Final reminder to take the global Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 00:48, 20. Abr. 2018 (UTC)

Eifeler Reegel[Quelltext änneren]

Beispiller, bei deenen den n ëmmer stoe bleift:

  • Um Enn vun Eegennimm:
    • Den Här Neyen kënnt.
    • Zu Lëntgen reent et.
    • Um Amberknäppchen wiisst Hambier.
    • An Italien gëtt et kal.
Dann deet et mer Leed, et gëtt net esou ausgeschwat...

--109.134.28.57 11:03, 8. Aug. 2018 (UTC)

Zoufftgen[Quelltext änneren]

Moien, ech hunn hei geäntwert --Les Meloures (Diskussioun) 18:09, 11. Aug. 2018 (UTC)

de prä an de Prä[Quelltext änneren]

Déi Wierder déi am Däitsche mat prä oder Prä ufänke ginn op der lb:Wiki mat pre oder Pre geschriwwen. Och den däitschen --ä-- a ville Wierder gëtt met --e-- geschriwwen (Palestina an net Palästina) ausser bei puer raren Ausname wou et net anescht geet wéi z.B. --Pyrenäen--. Op der Wikipedia gouf déi Decisioun getraff fir eenheetlech ze bleiwen, well ons Dictionaire sech net ëmmer mat de Schreifweisen eens sinn an et der souguer gëtt déi sech heiansdo selwer widderspriechen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:19, 12. Aug. 2018 (UTC)

Gutt dann ass dat och emol kloer; gëtt et eng Lëscht mat deene Prezisiounen? --Helicopter2011 10:57, 12. August 2018 (UTC)
Firwat soll et eng Lëscht doriwwer ginn. Et geet duer wann een nokuckt wéi déi Wierder an den Artikele geschriwwe ginn. Da fënnt een eraus datt d'Majoritéit vun de Benotzer déi Schreifweis benotzt. Mat Ausnam vun Artikelen wou déi däitsch Schreifweis erwënscht ass fënnt ee se net méi. (ausser vläicht een oder aneren Artikel dee bei enger Sich net erfaasst gouf, mä déi fënnt de Verbesserungsprogramm och no an no). Wie sech hei ëm d'Schreifweise soll bekëmmeren gouf op Versammlunge vu Wikipedianer festgehalen, an déi Leit hunn hiren Job bis elo zur Zefriddenheet vun all den anere Benotzer gemaach. Ech hat geduecht meng Äntwert hei wier kloer genuch gewiescht fir Iech ze soen, datt mir d'Schreifweis ganz eescht huelen a keng Phantasie bedreiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:18, 12. Aug. 2018 (UTC)
Ech hat dat mat der Schreifweis scho verstanen, ech hunn ebe geduecht dat wier an engem speziellen Artikel zesummegefaasst ginn. Ech hu just ëmmer d'Gefill bestëmmte Leit wéilte mir matdeelen dass dat wat ech schreiwe näicht daacht, je nodeem wéi kommentéiert gëtt... --Helicopter2011 11:26, 12. August 2018 (UTC)

Zuchaccident[Quelltext änneren]

Moien, op dëser Säit gouf och eng Fro gestallt --Les Meloures (Diskussioun) 14:39, 13. Aug. 2018 (UTC)

Garen déi et net gëtt[Quelltext änneren]

Dat si falsch Bezeechnungen déi op den Duerchschnëttsvoyageur agestallt sinn. Mat Gare ass do point d'arrêt gemengt, betriblech besteet d'Gare Péiteng aus den dräi Secteure Péiteng, Rolleng a Rodange. Gläichzäiteg gëtt et an all Secteur e point d'arrêt, deen no sengem Secteur benannt ass a komplett falsch och Gare genannt gëtt, zumindest vun deenen déi keng Ahnung hunn[1].


An der Zäit wéi déi Artikelen ugeluecht goufen, gouf vill driwwer diskutéiert (och mat Leit déi op der Bunn geschafft hunn an déi net keng Ahnung haten), ob mer op der Wikipedia sollten en Ënnerscheed tëscht Halten a Garë maachen. Well op deem Gebitt souguer d'Eisebunneren an d'Dictionairen an Enzyklopedië sech net eens sinn hu mir deemools festgehalen, déi Plaze wou en Zuch hält als Gare ze bezeechnen, wat d'Saach och vun de Kategorisatioun méi einfach gemaach huet. Wann eng Gare aus egal waterenger Ursaach keng Gare méi sollt sinn, da soll dat am Text erkläert ginn a wa méiglech sou gutt datt déi Erklärung vu kengem ka kontestéiert ginn. Doriwwer eraus nenne mer och déi Gebaier a Plaze Gare déi fréier eng waren a wou scho laang keen Zuch méi fiert. Mer wäerten déi och lo net all ëmdeefe goen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:51, 17. Aug. 2018 (UTC)
Du wiers e gudde Politiker ginn. Hei vertrëtts de d'Meenung Dat si falsch Bezeechnungen déi op den Duerchschnëttsvoyageur agestallt sinn, beim Fuerpark hëlls de awer déi Ausso déi och am Sënn vun Informatioun un den Ottonormalverbraucher gemaach gouf als boer Mënz op. Et sollt een eigentlech wësse wat ee wëll. --Les Meloures (Diskussioun) 14:57, 17. Aug. 2018 (UTC)
Dat wiere wat fir eng Informatiounen? --Helicopter2011 (Diskussioun) 14:59, 17. Aug. 2018 (UTC)
Ma déi Leit déi behaapten et wier keng Gare misste jo kënne soe fir wat datt et keng Gare ass. Op Eisebunne gëtt alles festgehalen wann eppes ännert, wéi Strecken oder Garen déi zréckklasséiert oder deklasséiert ginn. Meeschtens gëtt et och nach duerch e Gesetz confirméiert. Den CFL ass leider bei vill sou Saache wéinstens internetméisseg schwaach op der Long, mä d'Internet ass jo net dem CFL seng Haaptaufgab. Ech huelen un datt awer iergdenwou e Regelwierk trëllt an deem dat alles festgehalen ass. --Les Meloures (Diskussioun) 15:07, 17. Aug. 2018 (UTC)
Appendice I vum RGE (Règlement Général de l'Exploitation technique). Allerdéngs sinn dat intern Virschrëften, déi ech net däerf weiderginn. Mëttlerweil gëtt et och (säit dem 3. Abrëll 2016) en RGI (Règlement Général Interne du Gestionnaire de l'Infrastructure), deen nëmme fir d'Stellwierk an déi aner Mataarbechter vum Deel GI vun der CFL geduecht ass, mee och deen däerf ech (wéi den Numm et scho seet) net weiderginn. Den DRR seet doriwwer scho genuch. --Helicopter2011 (Diskussioun) 15:17, 17. Aug. 2018 (UTC)
De groussen oder de klenge GI 🤡? (Iergend ee muss et jo froen) Soss wann et net erlaabt ass iwwer eppes ze schwätzen dann huet een och all Interêt net ze soe wou een et erëmfanne kann. --Soued031 (Diskussioun) 15:28, 17. Aug. 2018 (UTC)

Gëtt dee Règlement géneral net iergendwéi vum Transportminister ofgeseent. --Les Meloures (Diskussioun) 15:25, 17. Aug. 2018 (UTC)

Den DRR seet doriwwer scho genuch
Ech hat den DRR och alt scho gekuckt hunn awer néirens eppes iwwer d'Stellewäerter an d'Bezeechnung vu Garen an Halte fonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:33, 17. Aug. 2018 (UTC)
D'Bezeechnung secteur an der Streckenugab seet schon aus, datt et sech net ëm eng eegestänneg Gare, mee ëm e Secteur handelt. Den RGE gëtt vum Transportminister op Grondlag vum Arrêté grand-ducal vum 23. Juni 1952 ofgeseent. Ausserdem gëtt déi gesamt Reglementatioun am Zesummenhang mam Betrib un d'ACF weidergeleet. --Helicopter2011 (Diskussioun) 15:37, 17. Aug. 2018 (UTC)
D'Bezeechnung secteur an der Streckenugab seet schon aus, datt et sech net ëm eng eegestänneg Gare, mee ëm e Secteur handelt
Du interpretéiers dat mol wéinstens esou. Dat ass awer keng Äntwert op d'Fro wéini eng Gare eng Gare ass, a wéini déi Garen déi et anschscheinend net méi gëtt, deklasséiert goufen. Vläicht muss onsen Artikel Gare komplett iwwerschafft ginn, grad sou wéi ons Lëscht vun den CFL-Garen wou een dann all Kéier misst derbäischreiwen wat nach eng Gare ass oder net, a vläicht och watereng Definitioun dofir als Referenz déngt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:30, 17. Aug. 2018 (UTC)
Wann et dem Larousse des Trains nogeet dann ass eng Gare: Ensemble des installations de chemin de fer destinées, en un point déterminé, à permettre l'embarquement, le transbordement, la répartition ou le débarquement de voyageurs ou de marchandises.
De Biot an de Wexler soen am Manuel du constructeur:Partie dédoublée d'une voie ferrée à voie unique où s'arrêtaient certains trains pour en laisser passer d'autres et éventuellement prendre des voyageurs, pour permettre le croisement des convois qui se dirigent dans un sens ou dans l'autre
D'SNCF definéiert eng Gare sou: Installation, quelle que soit par ailleurs sa désignation administrative, « ouverte au service de la circulation », c'est-à-dire comportant au moins un agent circulation, ainsi que les aménagements nécessaires pour effectuer les opérations relatives à la circulation définies par les règlements Wann d'CFL dat och sou geseit da sinn dräivéirel vun de Garen ze Lëtzebuerg keng méi.
D'SBB seet an der Prescriptions de circulation des trains dat hei: l'installation comprise entre les signaux d’entrée, si ceux-ci manquent entre les aiguilles d’entrée, servant à régler la circulation des trains et des mouvements de manœuvre, la plupart du temps ouverte au trafic public
Déi däitsch Eisenbahnbetriebsordnung seet: Bahnhöfe sind Bahnanlagen mit mindestens einer Weiche, wo Züge beginnen, enden, ausweichen oder wenden dürfen. Als Grenze zwischen den Bahnhöfen und der freien Strecke gelten im allgemeinen die Einfahrsignale oder Trapeztafeln, sonst die Einfahrweichen.
Dofir nach eng Kéier am Kloertext: Wësse mer genee wéi d'CFL eng Gare definéiert. Soulaang wéi mer dat net wëssen an net beleeë kënnen huet et kee Wäert fir hei iwwer de Statut (Gare, Halte, Statioun etc ze diskutéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 16:30, 17. Aug. 2018 (UTC)
D'CFL définéiert eng Gare esou (allerdéngs net ëffentlech zougänglech):
Les gares sont des établissements, ayant également la qualité de poste de block, comportant les aménagements nécessaires pour effectuer les opérations relatives à la circulation des convois ferroviaires définies par les règlements. Elles doivent être pourvues d’au moins une aiguille et de signaux d’entrée et de sortie. Les gares à grande étendue peuvent être subdivisées en plusieurs secteurs délimités par des signaux d’itinéraire. La limite entre les gares et la pleine ligne est constituée par les signaux d’entrée des gares. Les voies de gare et autres installations situées à côté des voies principales (...) sont considérées comme dépendances des gares, même lorsqu’elles dépassent les limites indiquées ci-dessus.
Wéi eng Gare wierklech eng Gare ass kann een nëmme mam Appendice I vum RGE soen. An do steet beispillsweis dran, Péiteng wier eng Gare déi aus de Secteure Péiteng, Rolleng a Rodange besteet. --Helicopter2011 (Diskussioun) 20:23, 17. Aug. 2018 (UTC)

Gare Rodange[Quelltext änneren]

Du hues bei der Gare Rodange 4 Gleiser mat Quai uginn. Kanns de och soe wou dat véiert ass. Ech fannen dat néirens. --Les Meloures (Diskussioun) 18:44, 17. Aug. 2018 (UTC)
Dat ass d'Gleis 7. --Helicopter2011 (Diskussioun) 20:13, 17. Aug. 2018 (UTC)
Ah jo, um neie Bild gesinn ech et elo. Ech zielen awer op deem Bild och nëmme siwe Gleiser am Ganzen. Da feelen der dräi bis op 10. --Les Meloures (Diskussioun) 20:49, 17. Aug. 2018 (UTC)
Wann ee Gleis op Quai derbäikoum misst dann net och d'Zuel vun Quaie geännert hunn??
Dach... Mee d'Unzuel vun de Gleiser ass net mäi Verdéngscht...

Blo Faarf[Quelltext änneren]

Salut, op der Foto hei ënnendrënner geséis déi blo Faarf vun der Infrabel hire Schëlter. Déi ass wäit ewech vun deem blazegen Hellblo dat s du lo an d'Schabloun gesat hues. Perron Namur.jpg --Les Meloures (Diskussioun) 15:30, 19. Aug. 2018 (UTC)

Salut zréck, déi blo Faarw déi ech modifizéiert hu soll jo och net mat de Schëlder op de Garen a Verbindung bruecht ginn, mee mam Logo vun Infrabel, genau wéi ech dat och bei de Gare vun der CFL gemeet hunn. Bei eis sinn d'Schëlder jo och net donkelrout, an awer erkennt jiddfereen déi Faarw... --Helicopter2011 (Diskussioun) 15:33, 19. Aug. 2018 (UTC)
Bei ons gouf déi méi donkel Faarf an der Schabloun erausgesicht well déi méi de Schëlter vun der Gare entsprécht well si ginn den Numm vun der Gare un, an net de blazeg bloe Logo vun hire Visittekaarten (deen och iwwregens net bei alles sou hellblo ass). D'Leit identifizéieren d'Gare um Schëlt an net nom Logo vun Infrabel. D'Faarf vun der Schëlter wiesselt sou bal net, mä wann Infrabel muer eng nei Publizéitsagence kritt wäert hire Logo alt nees wiesselen. En plus wann ee so eng hellblo Faaf benotzt soll d'Schrëft net wäiss sinn, well sooss kee Kontrast do ass. Et gëtt zwar nach sou Schablounen awer déi wäerten an nächster Zäit éliminéiert ginn.
Ech wollt dech och froen wéi laang datts de nach brauchs (ongeféier) bis de all d'Linnen op Infrabel geréckelt hues. Wann et och am Fong richteg ass, da muss du dir awer bewosst sinn datt et mam Geréckels net duergeet. Dann ass just eng Säit geännert an an deenen aneren honnert steet de Lemma nach falsch. Ech hu gëschter all déi Beetebuerger verbessert (wat dier vläicht guer net opgefall ass). Dofir wier et gutt datt een ier ee sou Schantercher ufänkt sech bewosst ass datt duerno nach en etlech Stonnen Aarbecht ufällt fir déi Säiten all ze verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 15:56, 19. Aug. 2018 (UTC)


Ech brauch nach eng hallef Stonn, an da kënnt de Rescht mat de Linken. --Helicopter2011 (Diskussioun) 15:58, 19. Aug. 2018 (UTC)
Wat ass mat Beetebuerger gemengt? --Helicopter2011 (Diskussioun) 16:00, 19. Aug. 2018 (UTC)
Infrabel-Linn 38 dat war ni eng Infrabel-Linn a gëtt och ni eng. --Les Meloures (Diskussioun) 16:01, 19. Aug. 2018 (UTC)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DRR

Eisebunnsstreck Battice-Verviers[Quelltext änneren]

war och ni eng Infrabel-Linn a gëtt och ni eng --Les Meloures (Diskussioun) 16:03, 19. Aug. 2018 (UTC)

Ech gesinn du méchs der vill Aarbecht. Du hues nach net verstan wéi hei geschafft gëtt. Réckel mol einfach alles was de wëlls réckelen (awer nëmmen déi déi och Infrabel sinn) fir de Rescht schwätzen ech mam Roboter fir nozebotzen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:15, 19. Aug. 2018 (UTC)