Eifeler Reegel

Vu Wikipedia
D'Mécher vum Schëld hunn d'Eifeler Reegel net applizéiert; fir richteg misst et "Kettegaass" sinn (Foto: Duelem (Réimech)).
En anert Beispill vum Net-Uwende vun der Reegel: "Mir gi klibberen" sollt et heeschen...
... d'Joer drop gouf de Feeler verbessert.

Ob am Lëtzebuergeschen de Konsonant n um Enn vun engem Wuert (oder am Silbegelenk vun zesummegesate Wierder) ausgeschwat/geschriwwe gëtt, hänkt dovun of, mat wéi engem Konsonant dat Wuert duerno ufänkt.

D'phonologesch Reegel, déi dofir responsabel ass, gëtt Eifeler Reegel oder Äifler Reegel genannt; aner Bezeechnunge fir dëse Phenomeen sinn n-Tilgung, mobile-n, n-mobile, oder mobile-n deletion. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt Sandhi-Reegel, wouduerch de phonologesche Kontakt tëscht zwee Wierder gereegelt gëtt.

Et schreift een dofir keen n virun all Konsonant, deen en aneren ass wéi „d“, „t“, „h“, „n“ an „z“, an. Dës Buschtawe loosse sech mam Saz "Deng Tirett hält net zou!" liicht mierken.

Well et eng verschrëftlech Form vun enger phoneetescher Reegel ass, gëllt dat och bei Wierder oder Ofkierzungen aus anere Sproochen, déi ausgeschwat ginn, wéi wann den éischte Buschtaf vum Wuert dono en d, h, n, t, z oder e Vokal wier: den James Bond ([dʒəimz]), den Check-in ([tʃɛk]), den SMS-Text [ɛs].

An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: En /n/ um Enn vum Wuert gëtt net geschriwwen, wann e wéinst dem Ufankskonsonant vum nächste Wuert net ausgeschwat gëtt.

Beispiller, bei deenen den n ewechgelooss gëtt:

Wa mer do sinn    an net: Wann mer do sinn
De 4. Mee    an net: Den 4. Mee
Dammeschong    an net: Dammenschong
De Wäi gëtt gutt    an net: De Wäin gëtt gutt
  • de_ Gorilla, Fritte_fett, a_maachen

Beispiller, bei deenen den n ëmmer stoe bleift:

  • Bei all de Wierder déi mat de Vokalen i, u, e, o, a ufänken:
    • den Ierger, den Uwe, den Eemer, den Owend, den Af
  • Bei Wierder déi mat engem y ufänken, wann no dem y e Konsonant steet:
    • den Yves, den Yvon, vun Ypres
  • Bei Wierder déi mat de Konsonanten n, d, t, z, h ufänken:
    • den Nol, deen Dag, en Tuerm, keen Zement, däin Haus,
  • Bei verschiddene Wierder, wou de Konsonant sou ausgeschwat gëtt datt en nom n verlaangert:
    • den Cyclist, den Churchill, en Charter, et kann een chatten, e wäissen Surpli.
  • Virun de Wierder si, se, sech, säin, seng, a sou ass den n fakultativ:
    • Muer komme(n) seng Kanner, ech si(nn) sou midd.
  • Virun all Sazzeeche bleift den n stoen:
    • Dat ass schéin, mä et ass deier.
    • Si koumen (wéi ëmmer) ze spéit.
    • Do kanns de nëmmenmon oeil” soen.
  • Um Enn vun Eegennimm:
    • Den Här Neyen kënnt.
    • Zu Lëntgen reent et.
    • Um Amberknäppchen wiisst Hammbier.
    • An Italien gëtt et kal.

Speziell Fäll, bei deenen den /n/ d'Resultat oder de Rescht vun engem nasale Schwénglaut ass

  • Wierder, déi op -ioun ophalen, verléieren ni den /n/ (Organisatioun maachen, net: *Organisatiou_ maachen).
  • Wierder, déi op -nn ophalen (just mat laang ausgeschwatem /n/, mä net sinn, hunn, etc.) verléieren ni den /n/ (nn maachen, net: *dë_ maachen).
  • Wierder, déi op -n ophalen (just mat laang ausgeschwatem /n/) verléieren ni den /n/ (Roman liesen, net: *Roma_ liesen).
  • Wierder, déi op -in ophalen (just fir déi weiblech Form vu Beruffer/Persounebezeechnungen) verléieren ni den /n/ (d'Léierin froen, net: *d'Léieri_ froen).

Dacks schreiwe linguistesch Studien, datt den /n/ virun engem /n/ net ausgeschwat gëtt. Der 1999er Schreifweis no gëtt deen <n> an dëse Fäll trotzdeem geschriwwen (<den Numm>), mä phoneetesch gesinn ass do keen ([də num]).

Publikatiounen

Fir ze liesen

Fir ze lauschteren

Kuckt och

Um Spaweck