Diskussioun:Eifeler Reegel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann de Josy Braun a sengem "Eis Sprooch richteg schreiwen" dat "Déngen" "Eifeler Reegel" nennt (an engem Buch, dat KOMPLETT op Lëtzebuergesch ass, wäert dat scho säi Sënn hunn. Heiandsdo kéinte mer eis awer mol beherrschen. Et ginn Uertschaften op der welt, déi en net-lëtzebuergeschen Numm hunn, dach, dach; och a Wales gëtt et eng "Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch". Och beim "Taumatawhakatangihangakoauauotamateaturipukakapikimaungahoronukupokaiwhenuakitanatahu" ass mer keen aneren Numm bekannt. --Cornischong 20:28, 21 Dezember 2005 (UTC)

An eisem Artikel nenne mer als Alternativnumm "Äifler Reegel". Ech duecht, dat hätt och e Sënn. Esou kann ee sech ieren. --Otets 20:43, 21 Dezember 2005 (UTC)


" An enger staark vereinfachter Form laut d'Reegel esou:" :Ëm watfir e Verb geet et do? Lauten? Lauden? --Cornischong 13:08, 21 September 2006 (UTC)

Programm fir d'Äifeler Reegel[Quelltext änneren]

Ech hu géschter op SpellChecker.lu gesinn dass et do ee spezielle Programm gëtt fir d'Äifeler Reegel. Kann een deen hei drasetzen? ech weess net wéi dat geet.

Dat geet net. Et wier méi einfach den Text um Spellchecker.lu ze tippen an en duerno am Wiki erapeschen. 86.156.98.235 18:45, 2. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Contresens[Quelltext änneren]

An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: 'En /n/ um Enn vum Wuert gëtt ewechgelooss, wann dat Wuert dono net mat engem Vokal oder de Konsonanten / h, d, dsch, t, ts (och: z), tsch/ (= all glottal an alveolar Konsonanten) oder n ufänkt oder direkt dono e Sazzeeche kënnt (z.B. Komma, Punkt, Klamer, etc.).'.

vs

Beispiller, bei deenen den n ëmmer stoe bleift:

  • Bei Wierder déi mat de Konsonanten n, d, t, z, h ufänken:
    • den Nol, deen Dag, en Tuerm, keen Zement, däin Haus,
  • Virun all Sazzeechen bleift den n stoen:
    • Dat ass schéin, mä et ass deier.
    • Si koumen (wéi ëmmer) ze spéit.
    • Do kanns de nëmmen “ mon oeil ” soen.

Entweder den n bleiwt ëmmer stoen, oder e gëtt ewechgelooss. Mee béides ass glaichzaiteg net méiglech. -- 83.99.121.190 18:27, 16. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]

Méi einfach erklärt: 9. Lektioun: United Zoah! (RTL - 21.06.2013, 11:00) --Bdx (Diskussioun) 13:48, 30. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]