Phonologie

Vu Wikipedia

D'Phonologie ass d'Wëssenschaft, déi sech nieft der Phoneetik, och mat der Lautsprooch beschäftegt. Et ass en Deelgebitt vun der Linguistik.

An der Phonologie geet et zum gréissten Deel dorëms, d'Funktioun vun de Sproochlauter ze beschreiwen.

E Phonem ass déi klengst bedeitungsënnerscheedend Lauteenheet an engem Sproochesystem. All Sprooch huet hiert eegent Phoneminventar. (Gesamtheet vun alle Phonemen bei enger Eenzelsprooch). Phonemer ginn ëmmer tëscht zwee Slashen (/a/) geschriwwen. E Phon, de Laut, gëtt tëscht 2 Crochete gesat. ([a])

D'Phonologie bestëmmt den Ënnerscheed vun der Bedeitung tëscht de Lauter.

De Bedeitungsënnerscheed tëscht de Phone fënnt een elo follgendermoossen eraus (mat Hëllef vun der Minimalpueranalyse):

- Et gëtt elo e Puer vun zwee Wierder geholl, déi bis op en eenzege Phon/Laut identesch sinn, hei schwätzt ee vun engem Minimalpuer:

Beispill: [lant] - [hant] = (Land – Hand)

- Den Ënnerscheed vun der Bedeitung maachen [l] an [h] => also d'Phonemer: /l/ an /h/

An dësem Fall huet d'Minimalpuer ënnerschiddlech Bedeitungen, d. h. d'Phonemen stinn an Oppositioun zoueneen. Et ass e Verhältnëss tëscht 2 Elementer, bei dem den Austausch (oder Substitutioun) vun engem bestëmmte Phon zu enger anerer Bedeitung féiert.

Et gëtt awer och nach 2 aner Zorte vun Ënnerscheeder an engem Minimalpuer:

- Dat eent Wuert huet Bedeitung, dat anert net:

Maus – Laus – Haus – Paus – kaus?

=> kaus gëtt et net, mä et schwätzt een hei trotzdeem vun engem Minimalpuer.

- Oder déi verschidde Lauter hu keng verschidde Bedeitung:

[lop] - [loph] = (Lob – Lobh) => nëmmen ee Phonem => /p/

Hei schwätzt ee vun engem Allophon: Déi eenzel Phonen hei bedeite näischt Ënnerschiddleches, si gi just anescht betount. Et bleift also nëmmen ee Phonem, den /p/.