Linguistesch Symboler an Ofkierzungen

Vu Wikipedia

Linguistesch Symboler an Ofkierzunge ginn a linguisteschen Texter gebraucht. Heiansdo gesäit een do Wierder oder Buschtawen a verschiddene Klameren. Hei d'Bedeitungen:

  • /Slashen/: d'Wuert oder de Laut gëtt phonologesch ausgedréckt, also wéi een et ausschwätzt.
  • [Eckeg Klameren]: d'Wuert oder de Laut gëtt phoneetesch ausgedréckt, wat nach méi genee ass wéi phonologesch; phoneetesch Transkiptioune si méi reng.
  • <Guillemeten>: d'Wuert oder de Laut gëtt graphemesch ausgedréckt, also wéi et geschriwwe gëtt, wéi ënner anerem an enger Schreifweis.

Zum Beispill:

  • Franséisch <coup> ass phoneetesch /ku/
  • Lëtzebuergesch <Schung> ass phoneetesch /SuN/
  • Englesch <hire> ass phoneetesch /haI@/

Wat d'phoneetesch Transkriptioun ubelaangt, do gëtt un d'Phoneetik verwisen, a méi genee un d'Internationaalt Phoneetescht Alphabet (IPA), an dem IPA seng 'online' Versioun X-SAMPA, déi och an dëser Wikipedia benotzt gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]