Albert Rodange
Ausgesinn
| Albert Rodange | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
25. Mäerz 1858 Fiels |
| Gestuerwen |
22. Oktober 1927 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ingenieur |
| Famill | |
| Papp | Michel Rodange |
|
| |

Den Albert (Jean-Albert) Rodange, gebuer de 25. Mäerz 1858 an der Fiels, a gestuerwen den 22. Oktober 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.[1]
1888 huet den Albert Rodange bei der Bauverwaltung mat schaffen ugefaangen a war vun 1891 bis 1926 Chef-Ingenieur vun där Verwaltung.
Den Albert Rodange huet eng Virreiderroll an den Diskussiounen iwwer de Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach gespillt. Hien huet och déi éischt Pläng fir d'Adolphe-Bréck (Nei Bréck) an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Zesumme mam franséischen Ingenieur Paul Séjourné sinn d'Pläng herno ëmgesat ginn.
Den Albert Rodange war de Jong vum Michel Rodange.
Gielercher[2]
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
Officier vum Ordre de Léopold
Chevalier vun der Légion d'honneur
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 72
