Les Misérables

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Cosette, gemoolt vum Michel Sinner.

Les Misérables ass e Roman vum Victor Hugo, deen 1862 erauskomm ass. Dëse Roman zielt zu deene populäersten an der franséischer Literatur a koum och eng ettlechmol als Film, Musical, Theaterstéck a souguer als Comic eraus.

De Victor Hugo setzt d'Leit, déi am 19. Joerhonnert zu Paräis an am provënzielle Frankräich am Misär liewen, an de Mëttelpunkt vu sengem Meeschterwierk, dat Ganzt ronderëm d'Schicksal vum Jean Valjean, dee fir d'Klaue vun engem Brout zu 5 Joer Strofkolonie verurteelt gouf an deem seng Strofzäit wéinst reegelméissegen Ausbréchversich ëmmer nees verlängert gouf. No 19 Joer gëtt hien aus dem Prisong entlooss an hien zitt iwwer Land. Zu Digne fënnt hie beim Bëschof Myriel en Ënnerdaach fir eng Nuecht. Mueres fréi mécht hie sech aus dem Stepps mat geklautem Sëlwergeschier an den Täschen. Hie gëtt vun de Gendaarme verhaft a bei de Bëschof bruecht, deen en nees op fräie Fouss setze léisst, well d'Sëlwergeschier e Geschenk gewiescht wier. Vun där Mëtschgiewegkeet déif beandrockt decidéiert de Jean Valjean, vun elo un nëmmen nach Guddes ze maachen. Säi Wonsch kann hien ëmsetzen, nodeem hie sech dem Weesekand Cosette unhëlt.

Et handelt sech ëm en historescht, soziaalt a philosophescht Wierk, an deem d'Idealer vun der Romantik mat deene vum Victor Hugo iwwer déi mënschlech Natur erëmzefanne sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Les Misérables – Biller, Videoen oder Audiodateien