Op den Inhalt sprangen

Victor-Hugo-Pad

Vu Wikipedia
Victor-Hugo-Pad
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Veianen
op Ettelbréck
Längt 26,54 km
déifste Punkt Ettelbréck, Ierpeldeng
héchste Punkt Fréngerhaff
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Veianen,
Tandel,
Buerschent,
Ierpeldeng-Sauer,
Dikrech,
Ettelbréck

De Victor-Hugo-Pad, offiziell Sentier pédestre national Victor-Hugo, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg. En ass nom bekannte franséische Schrëftsteller Victor Hugo genannt deen, wann e Veianen verlooss huet, mat der Päerdskutsch op Ettelbréck gefuer ass, fir vun do aus mam Zuch virunzefueren.

De Pad ass 26,54 km laang a féiert vu Veianen op Ettelbréck. Déi déifst Punkten (198 m) sinn zu Ettelbréck an Ierpeldeng an den héchsten (452 m) ass zu Laaschent (Fréngerhaff).[1]

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Veianen, Furen, Waalsdref, Branebuerg, Closdellt, Fridhaff, Ierpeldeng, Waarken, Ettelbréck. Informatiounspanneaue gëtt et zu Veianen, Branebuerg, Ierpeldeng an Ettelbréck.

 Commons: Victor-Hugo-Pad – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Informatiounen op Geoportail.lu