Ardennen-Äifel-Pad
Housen | |
Iwwersiicht vum Pad | |
vu(n) | Roumecht |
---|---|
op | Iechternach |
Längt | 143,64 km |
déifste Punkt | Iechternach |
héchste Punkt | Housen |
Land | Lëtzebuerg |
féiert duerch |
Rammerech, Bauschelt, Stauséigemeng, Géisdref, Wolz, Kiischpelt, Klierf, Parc Housen, Pëtschent, Veianen, Tandel, Bettenduerf, Ärenzdallgemeng, Beefort, Waldbëlleg, Bäerdref, Iechternach |
Den Ardennen-Äifel-Pad, offiziell sentier pédestre national Ardennes-Eifel, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.
Streck
[änneren | Quelltext änneren]De Pad ass mat 143,64 km dee längsten nationale Wanderwee. E féiert vu Roumecht op Iechternach. Den déifste Punkt (159 m) ass zu Iechternach an den héchsten (521 m) zu Housen (Banert)[1].
E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Roumecht, Bungeref, Bungerëffer Millen, Misärsbréck, Baschelt, Léifreg, Kauneref, Horgershaff, Bidscht, Rulljen, Wolz, Wegdichen, Ierpeldeng, Eschweiler-Halte, Wëlwerwolz, Pënsch, Draufelt, Reiler, Munzen, Néngsen, Housen, Uewereesbech, Ënnereesbech, Wuelessen, Gemünd (Our), Haffaal, Stolzebuerg, Käppessen, Niklosbierg, Veianen, Ruet op der Our, Bëttel, Maarksbierg, Longsdref, Webeschhaff, Bettenduerf, Bleesbréck, Gilsdref, Keiwelbaach, Eppelduerf, Hoossebierg, Beeforter Heed, Beefort, Grondhaff, Bäerdref, Iechternach.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Bungerëffer Millen
-
Wegdichen
-
Uewereesbech
-
Maarksbierg
-
Bäerdref
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ardennen-Äifel-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien |