Bungerëffer Millen
Ausgesinn
| Bungerëffer Millen | |
|---|---|
|
D'Bungerëffer Millen (2015) | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Réiden |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
| Koordinaten |
49° 52’ 13.8’’ N 05° 48’ 00.8’’ O |
|
| |
D'Bungerëffer Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Sauerdall an der Gemeng Rammerech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Bungerëffer Mille[1] läit 3 Stroossekilometer nërdlech vu Bungeref ewech an 155 m méi déif um rietsen Uwänner vun der Sauer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
An der Gaardemauer ass e "Fransousesteen" agebaut, deen aus der Zäit vum Napoleon staamt. Nom Kadasterplang vun 1824 huet dës Mauer eng Längt vun 21 m an zwee Waasser-Rieder. Ëm 1930 gouf op der Mille souguer Mais aus Amerika gemuel. Zënter 1952 huet d'Millen de Betrib agestallt a gouf zu engem Hotel ëmgebaut.
Op der Millen huet eng Zäit laang eng 48,5-kW Turbinn Stroum produzéiert[2]. Déi gouf 2006 mat zwou 55-kW Turbinnen ersat. Dat geet duer fir ronn honnert Stéit mat Stroum ze beliwweren[3].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bungerëffer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ausféierlech Geschicht vun der Bungerëffer Millen
- ↑ Industrie.lu Archivéiert den 18.04.2019. Gekuckt den 18.04.2019.
- ↑ Moulin de Bigonville nouvelle centrale hydroélectrique Archivéiert de 06.03.2016. Gekuckt den 11.08.2015.
