Baschelt
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Baschelt (Baschleiden). Fir Boulaide, d'Nopeschduerf mat engem änleche lëtzebuergeschen Numm, kuckt wgl. Bauschelt. |
Baschelt | |
---|---|
D'Haaptstrooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Baschleiden de: Baschleiden |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Bauschelt |
Buergermeeschter | Jeff Gangler |
Awunner | 507 |
02.01.2023 | |
Héicht | 430 m |
Koordinaten |
49° 53’ 53’’ N 05° 49’ 07’’ O |
Baschelt ass eng Uertschaft an der Gemeng Bauschelt am Kanton Wolz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Tëschent de Joren 1840 an 1914 si vill Awunner aus der Géigend ausgewandert: vu Baschelt, wéi och vu Bärel, Bauschelt, Béiwen, a Bonnal-Ensber.
Zu Lëtzebuerg gëtt d'Post scho vun 1850 un all Dag verdeelt. Vu Wolz aus goufe mat Baschelt 24 Dierfer am Ëmkrees zerwéiert.
Am Zweete Weltkrich gouf et zu Baschelt e Bunker fir Refraktären. De Grondstee vun der haiteger Kierch mat hirem markanten Tuerm gouf warscheinlech tëschent 1837 an 1843 geluecht. D'Gebai hannert der Kierch, dat haut als Festsall benotzt gëtt, war fréier d'Duerfschoul a gouf 1860 gebaut.
D'Fësche war fréier, am Laf vun der Sauer, eng heefeg an deels och eng lukrativ Beschäftegung. Am Summer ass d'Rommwiss, e flaachen Uwänner vum Stauséi, eng flott Ofwiesslung fir Touristen a Waassersportamateuren.
Bis 1828 war Baschelt en Deel vun der Gemeng Meecher. De Charles-Gérard Eyschen (1800-1859) koum zu Baschelt op d'Welt.[1][2][3]
Etymologie
[änneren | Quelltext änneren]Déi lescht Silb vum Duerfnumm -schleiden huet säin Ursprong am Wuert „sleide“, wat souvill heescht wéi een Hank oder eng Sank (Terrain, deen zu enger Säit hänkt).
Säit 1995 invitéiert den thematesche Rondwee „Wiss, Baach, Bësch“ op en Trëppeltour. Den Aussiichtstuerm „Mirador“ bitt um Tempelskamp (448m) eng fantastesch Vue iwwert de Stauséi. Déi al Buch an Hoschtig gouf 1984 op d'Lëscht vun den „arbres remaquables“ geschriwwen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch vu Baschelt
- D'Aussiichtspunkten Tempelkamp an Kaaschterlach.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Baschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Offiziell Säit vun der Gemeng Bauschelt. Gekuckt de(n) 02.02.2023.
- ↑ Baschelt — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt de(n) 02.02.2023.
- ↑ Commission consultative du sport, de la culture et du loisir de la commune de Boulaide.