Op den Inhalt sprangen

Préizerdaul-Pad

Vu Wikipedia
Préizerdaul-Pad
Kierch a Weier zu Randschelt
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Ueschdref
op Ettelbréck
Längt 31,03 km
déifste Punkt Ettelbréck
héchste Punkt Randschelt
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Rammerech,
Préizerdaul,
Groussbus,
Viichten,
Feelen,
Mäerzeg,
Ettelbréck


De Préizerdaul-Pad, offiziell sentier pédestre national du Préizerdaul, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

De Pad ass 31,03 km laang a féiert vun Ueschdref op Ettelbréck. Den déifste Punkt (198 m) ass zu Ettelbréck an den héchsten (521 m) zu Randschelt[1].

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Ueschdref, Heeschpelt, Randschelt, Wal, Horass, Proz, Mäerzeg, Ettelbréck. Informatiounspanneaue stinn zu Ueschdref, Proz an Ettelbréck.

Commons: Préizerdaul-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Informatiounen op Geoportail.lu