Diskussioun:Victor Hugo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

bonjuer, ech hun emol virun 5, 6 Joer an der Schoul vun engem Proff héieren, datt e Franséisch-Proff aus dem LTE beim Liesen vum L'homme qui rit verbindungen mat Lëtzebuerg entdeckt soll hunn an esou an der Dikkrescher Géigend eng Geheimstopp vun enger bekannter Kidnapper-Band fonnt soll hunn. Et soll haut anscheinend nach eng Géigend ginn, déi no dësser Seechen benannt ass: "de Kënnechersmaart" Wees dovunner ee méi oder iwwerhaapt eppes? Oder ass do nëmmen d'Phantasie mat engem Proff duerch gaangen? ;) --JimHawk 11:53, 17 August 2007 (UTC)


Salut, wier et net besser du géifs bei betreffende Proffe nofroen? Do ass d'Wahrscheinlechkett fir eng Äntwert sécher mé grouss. Mat esou Saache maache mer och nach keen Artikel vum Mount. Les Meloures 11:58, 17 August 2007 (UTC)

witzeg... dat huet jo och kee gesot *grml* de witz ass, datt de Proff, deen eis dat gesot huet A) net méi zu Lëtzebuerg lierwt a B) eis net den Numm gesot oder ech mech opmannst net méi drun erënneren kann. Et hätt jo kënnen sinn datt schon ee eppes dovunner héieren huet oder en anhaltspunkt hätt wou een usetzen kann mat enger sich. Dat ganzt ass mer grad eréicht erëm an de Kapp komm, wéi ech den Artikel zoufälleg gelies hunn --JimHawk 12:14, 17 August 2007 (UTC)

De "Kënnerchersmaart" war menges wësses keng Plaz, mee en Evenement, wou d'Leit hir Kanner hibruecht hunn, fir s'als Kniecht oder Dingschtmeedchen anzwousch ënnerdag ze kréien - dann haten s'ee manner doheem duerchzefidderen. Ech kucke méi spéit emol ob ech eppes a menger Bibliothéik doriwwer fannen. --Zinneke 12:55, 17 August 2007 (UTC)