Visa (Dokument)

Vu Wikipedia
Visa fir Lëtzebuerg, ausgestallt vun der belscher Ambassade zu Lima (Peru) am Joer 2000

E Visa ass en Dokument, dat vun den Autoritéite vun engem Land erausgi gëtt, an dat et enger Persoun erlaabt, formell unzefroen, an dat Land fir eng bestëmmten Zäit an ënner bestëmmten Oploen (z. B. déi, net däerfen do ze schaffen) anzereesen. E gëtt gewéinlech an e Pass gepecht oder gestempelt, heiansdo och op engem separate Pabeier ausgestallt.

Déi meescht Länner verlaange vun de Bierger vun engem anere Land, datt s'e gëltege Pass an e Visa hunn, fir duer kënnen anzereesen. Ausname gëllen z. B. fir d'Bierger vu Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU), déi kee Pass an och kee Visa brauchen, fir an en anere Memberstaat ze reesen.

Déi meescht Länner vun der EU (Ausnam: Bulgarien, Rumänien, Zypern an Irland) stelle fir Bierger aus Drëttstaaten e Kollektivvisa aus, de sougenannte Schengen-Visa, an deen et erlaabt, an all Länner vun der Schengen-Zon kënnen ze reesen.

Visae sinn z'ënnerscheede vun enger Carte de séjour oder enger Carte de résident, déi et Auslänner erlaben, hire Wunnsëtz an engem anere Land ze hunn.

Zu Lëtzebuerg gouf d'Obligatioun fir Auslänner, e Visa unzefroen, fir an d'Land eran ze kommen, mam Gesetz vum 28. Oktober 1920 destiné à endiguer l'affluence exagérée d'étrangers sur le territoire du Grand-Duché eng éischt Kéier agefouert. Dat Gesetz gouf 2008 ofgeschaaft an duerch en neit ersat, dat zanterhier schonn e puermol ugepasst gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Visas – Biller, Videoen oder Audiodateien