Monique Hermes

Vu Wikipedia
Monique Hermes
Gebuer 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

D'Monique Hermes, gebuer 1950, ass eng lëtzebuergesch Erzéierin a Politikerin (CSV).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si war vun 1971 bis zu hirer Pensionéierung 2011 Léierin zu Gréiwemaacher.

2011 goung si op der CSV-Lëscht mat an d'Gemengewalen a gouf an de Maacher Gemengerot gewielt, wou si Schäffin gouf. Dat selwecht geschouch 2017, an 2023 konnt si hiert Walresultat nach eng Kéier verbesseren. Wéi no de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 de Buergermeeschter Léon Gloden Minister an der Regierung Frieden-Bettel gouf, ass d'Monique Hermes vum Gemengerot als seng Nofollgerin gewielt ginn.[1]

D'Monique Hermes war 25 Joer laang an der Redaktioun vun der Kannerzäitschrëft Zack. Zanter 1981 ass si Korrespondentin vum Wort fir de Muselstreech.

Si krut d'Medail Mérite européen a Bronze.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hermes, M., 2011. Well Wuerzelen esou wichteg sinn... Aus menger schéiner Kannerzäit zu Réiden un der Atert. nos cahiers 3/4 (2011), S. 135-140.
  • Hermes, M., 2006. Genussland Großregion - Eine kulinarische Reise. Éditions Guy Binsfeld, Dezember 2006. (Et gëtt och eng franséisch Editioun).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Volker Bingenheimer: "Monique Hermes: 'Ich will so bleiben, wie ich bin'." wort.lu [w+], 06.12.2023.