Diskussioun:Kierch Bieles

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" déi vun der Firma Spaeth aus Württemberg gebaut gouf." Dee Saz gëtt "op ee Mol" verschwanne gedoen, ouni ee Wuert Kommentar. War dat e béise Saz? --Cornischong 17:49, 28 Januar 2007 (UTC)

E schéin gudden Owend

Neen, neen, de Saz war guer net béis mee d'Informatioun steet e puer Zeilen ënnendrenner bei den Uergelen nach eng Keier. Mer kënnen awer och alles dräimol draschräiwen. Les Meloures 17:52, 28 Januar 2007 (UTC)


Rebonjour:
Datt dat komplettéiert gi war mam Link op den Uergelbauer wouvun et iwwregens zwéi ginn an d'Zuel vun de Regëstere bäigesaat gouf ass wuel kengem opgefall
No sechs Stonne Getriwwels an de Kierchen fir Linke bäizesetzen déi net gemaach goufen, Uergelmanufakturen hire richtegen Numm dranzesetzen kritt en es no sou Bemierkungen da genuch
Mee wéi gesoot nëmmen déi di schaffe kréie Froe gestallt a Bemierkunge gemach Les Meloures 17:59, 28 Januar 2007 (UTC)
An dobäi ass d'Firma mol nach guer net aus Württemberg Les Meloures 18:48, 28 Januar 2007 (UTC)

Architekt A.P. Kemp[Quelltext änneren]

Moien, kinnt dat eventuel een Tippfeeler sinn a et sech ëm de Pierre Kemp handelen? --Jwh (Diskussioun) 22:49, 20. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

... oder " A. P. Kemp" héisch Alphonse a Pierre Kemp? (just eng Hypothese, ech hu keng Info, déi dat ënnermaure géif, ausser, dass d'Diddelenger Kierch och vun deenen zwéin ass).--Zinneke (Diskussioun) 09:21, 22. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]
Hat ech och geduecht, mä deen ee war dunn nach net op der Welt - oder sou gutt wéi net --Jwh (Diskussioun) 09:30, 22. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]