Op den Inhalt sprangen

Alphonse Kemp

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alphonse Kemp
Gebuer 4. Juni 1872
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Juli 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Papp Pierre Kemp


De Joseph Henri Alphonse Kemp, gebuer de 4. Juni 1872 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 27. Juli 1950[1], war e lëtzebuergeschen Architekt.

Hie war de Jong vum Architekt Pierre Kemp (1841-1895).

Plack um Familljegraf um Nikloskierfecht.

1911 huet de Kemp der Regierung e Projet proposéiert, fir d'Uelzecht ëmzeleeden. Se sollt vum Gronn aus duerch en Tunnel ënnert dem Rummplateau erduerch gefouert ginn, fir sou e Waasserkraaftwierk z'alimentéieren. Am Pafendall beim Hondhaus wier se dann erëm an hiert Bett zeréck gelaf.

D'Flossbett hätt sollen an e Boulevard ëmgebaut ginn, mat reservéierte Spuere fir den Tram a Gidderzich. Op der Héicht vum Sichenhaff hat de Kemp eng Rangéiergare an den Uschloss un de Stater Tram grad ewéi un de Chareli virgesinn.

Well de Projet als ze vill utopesch ugesi gouf, ass en net realiséiert ginn.

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 175-176
  • Philippart, R., 2007: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. Éditions Saint-Paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 138
Commons: Alphonse Kemp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Doudesannonce vum Alphonse Kemp. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (29 Juli 1950). Gekuckt de(n) 2023-10-16.
  2. St. Josephkirche von Tetingen Archivéiert de(n) 2012-11-16. Gekuckt de(n) 2012-01-14.
  3. Robert Philippart, 2006, Luxembourg, de l'historicisme au modernisme - de la ville forteresse à la capitale nationale, S. 433