Philippe Barbier
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Philippe Barbier | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Antoine Philippe Barbier |
Gebuer |
2. Mäerz 1848 Luzy |
Gestuerwen |
18. September 1922 Bandol |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Chimist |
De Philippe Antoine Barbier, gebuer den 2. Mäerz 1848 zu Luzy an der Nièvre, a gestuerwen den 18. September 1922, war e franséische Cheemiker. Hie war den éischte Cheemiker deen a senge Syntheesen organometallesch Substanze benotzt huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem hien Assistent vum Marcellin Berthelot am Collège de France an an der École de Pharmacie de Paris war ass hie Professer op der Uni zu Lyon ginn.
Wëssenschaftlech Aarbecht
[änneren | Quelltext änneren]Hien hat erausfonnt datt, wann een e Keton mat Jodmethan vermëscht an dobäi nach metallesche Magnesium benotzt, da gëtt dat R2(CH3)C-OH. Déi Method ass vun sengem Schüler dem Victor Grignard perfektionéiert ginn an dréit och dem säin Numm. De Barbier selwer ass méi bekannt fir d'Barbierreaktioun.