Hans Fischer (Cheemiker)

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hans Fischer
Gebuer 27. Juli 1881
Höchst
Gestuerwen 31. Mäerz 1945
München
Nationalitéit Däitschland, Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945
Educatioun Universitéit vu Lausanne,
Philipps-Universitéit Marburg,
Universitéit vu München,
Technesch Universitéit München
Aktivitéit Chimist, Biochimist, Internist, Universitéitsprofesser, Dokter
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie


Den Hans Fischer, gebuer de 27. Juli 1881 zu Höchst am Main a gestuerwen den 31. Mäerz 1945 zu München, war en däitsche Cheemiker a Medezinner.

Hie krut fir seng Aarbechten "iwwer de strukturellen Opbau vun de Blutt- a Planzefaarfstoffer a fir d'Synthees vum Hemin" 1930 den Nobelpräis fir Chimie.

Hien huet ë. a. op den Universitéite vun Innsbruck, Wien a München enseignéiert. Nodeems säin Institut zu München mat sengen Aarbechten bei de Bombardementer am Zweete Weltkrich zerstéiert gi war, huet hie sech aus Verzweiwelung doriwwer am Fréijoer 1945 d'Liewe geholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hans Fischer – Biller, Videoen oder Audiodateien