Richard R. Ernst

Vu Wikipedia
Richard R. Ernst
Gebuer 14. August 1933
Winterthur
Gestuerwen 4. Juni 2021
Winterthur
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Chimist, Fuerscher
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea, American Physical Society, Royal Society

De Richard Robert Ernst, gebuer de 14. August 1933 zu Winterthur, an och do de 4. Juni 2021 gestuerwen[1], war e Schwäizer Cheemiker. Hien huet 1991 den Nobelpräis fir Chimie kritt.

No sengem Chimiesstudium op der ETH Zürich, dat en 1962 mat enger Dissertatioun iwwer d'Theema Kernresonanz-Spektroskopie mit stochastischen Hochfrequenzfeldern ofgeschloss huet[2], huet de Richard R. Ernst bei der Firma Varian Associates zu Palo Alto, a Kalifornien geschafft, wou en d'magnéitesch Kärspinresonanz (NMR)-Fourierspektroskopie, d'Rauschentkopplung a weider Methoden entwéckelt huet. 1968 goung en hannescht op d'ETH Zürich an huet do eng Fuerschungsgrupp an der NMR-Spektroskopie opgebaut. Hien huet d'Entwécklung vun der medezinescher Magnéitresonanz-Tomographie stimuléiert. Fir seng Avancen an der Entwécklung vun der héichopgeléister magnéitescher Kärresonanz-Spektroskopie (NMR) krut en 1991 den Nobelpräis fir Chimie.[3] 1998 ass en emeritéiert.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Ernst – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. '"Schweizer Chemie-Nobelpreisträger Richard Ernst ist verstorben.'" SRF.ch, 8. Juni 2021.
  2. Richard R. Ernst: Kernresonanz-Spektroskopie mit stochastischen Hochfrequenzfeldern
  3. "Michael Simm: Richard Ernst – Nobelpreis für die NMR-Spektroskopie." Die Welt, 17. Oktober 1991]