Jacobus Henricus van 't Hoff
Ausgesinn
Jacobus Henricus van 't Hoff | |
---|---|
Gebuer |
30. August 1852 Rotterdam |
Gestuerwen |
1. Mäerz 1911 Berlin |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun |
Universitéit vu Leiden, Technesch Universitéit Delft, Universitéit Bonn, Universitéit vun Utrecht, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Cheemiker, Professer, Physiker, Ingenieur, Geolog, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino |
De Jacobus Henricus van 't Hoff, gebuer den 30. August 1852 zu Rotterdam, a gestuerwen den 1. Mäerz 1911 zu Steglitz b. Berlin, war en hollännesche Cheemiker an éischten Nobelpräisdréier fir Chimie.
Den Van 't Hoff huet d'Chiralitéit vum Kuelestoffatom, d'Verännerung vun de physikalesche Eegenschaften an Ofhängegkeet vun der Zuel vun de Particulen an enger Léisung, d'Kinetik vu cheemesche Reaktiounen an hir Temperaturofhängegkeet erfuerscht.
Zesumme mam Wilhelm Ostwald huet de van 't Hoff 1887 d'Zeitschrift für physikalische Chemie gegrënnt.
1901 krut en den Nobelpräis fir Chimie fir seng Entdeckung vum Gesetz vun der cheemescher Thermodynamik a vum osmoteschen Drock a Léisungen.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- La chimie dans l'espace. 1875;
- Ansichten über die organische Chemie. 3 Teile, Braunschweig 1878–1881
- Études de dynamique chimique. 1884; de.: Studien zur chemischen Dynamik. 1898
- Lois de l'équilibre chimique dans l'état dilué, gazeux ou dissous. 1885
- Vorlesungen über Bildung und Spaltung von Doppelsalzen. Leipzig 1897
- Untersuchungen über die Bildungsverhältnisse der oceanischen Salzablagerungen, insbesondere des Staßfurter Salzlagers. Berlin 1897
- Vorlesungen über theoretische und physikalische Chemie. Braunschweig 1898–1900
- Une propriété générale de la matière diluée, in Kongl. Svenska vetenskapsakademiens Handlingar, Band 21, Nr. 17, 1886 an Archives Néerlandaises 1885 (de.: Die Gesetze des chemischen Gleichgewichtes für den verdünnten, gasförmigen oder gelösten Zustand, Engelmann, Leipzig 1900, 2. Auflage 1915 (Gesetz vum Van-’t-Hoff')
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hans-Georg Bartel und Horst Remane: Van ’t Hoff, Nachrichten aus der Chemie, 59 (April 2011), 411–415.
- Viktor A. Kritsman: Ludwig Wilhelmy, Jacobus H. van ’t Hoff, Svante Arrhenius und die Geschichte der chemischen Kinetik, Chemie in unserer Zeit, 6/97, S. 291–300
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spwaeck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jacobus van 't Hoff – Biller, Videoen oder Audiodateien |