John Dalton

Vu Wikipedia
John Dalton
Gebuer 6. September 1766
Gestuerwen 27. Juli 1844
Manchester
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Physiker, Mathematiker, Meteorolog, Chimist, Botaniker
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Den John Dalton, gebuer de 6. September 1766 zu Eaglesfield, Cumberland, a gestuerwen de 27. Juli 1844 zu Manchester, war en englesche Cheemiker an Naturwëssenschaftler. No him gouf déi alternativ Bezeechnung Dalton (Da) fir d'Atomar Masseneenheet genannt.

Atomtheorie[änneren | Quelltext änneren]

Ier e sech fir d'Chimie intresséiert huet, war den Dalton Meteorolog. 1803 huet hien an enger Virliesung seng Atomtheorie detailléiert presentéiert. Säi wichtegst Wierk, an deem en déi Theorie beschreift, ass A new system of chemical philosophy (1808). Dora kommen déi heite Postulater vir:

  1. All Matière besteet aus klenge Partikelen, déi net gedeelt kënne ginn (Atomismus).
  2. All Atomer vun engem bestëmmten Element hunn hir eegen, eenzegaarteg Eegenschaften an hir eege Mass.
  3. Verschidde cheemesch Elementer bestinn aus verschiddenen Zorten Atomer. All Atomzort huet eng charakteristesch Mass.
  4. Atomer kënnen net zerstéiert ginn a behalen hir Identitéit no enger cheemescher Reaktioun (am Géigesaz zu deem wat d'Alchimie behaapt hat).
  5. Cheemesch Verbindunge ginn duerch Kombinatioune vun Atome vu verschiddenen Elementer forméiert. Eng bestëmmt cheemesch Verbindung huet ëmmer dat selwecht Verhale vun den Atomer vun den Elementer, déi zesummekommen.
  6. Et gëtt 3 Zorten Atomer: einfacher, zesummegesater a komplexer.

Den Dalton huet och op engem anere Gebitt Pionéieraarbecht geleescht: Hie war deen éischten, deen d'Faarweblannheet wëssenschaftlech beschriwwen huet (Extraordinary facts relating to the vision of colours 1794). Hie war selwer faarweblann, an déi Anomalie vun der Vue gëtt och alt, him zu Éieren, Daltonismus genannt.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Meteorological Observations and Essays, 1793
  • Extraordinary facts relating to the vision of colours, 1794
  • Elements of English Grammar, 1801
  • A New System of Chemical Philosophy, 1808

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Dalton – Biller, Videoen oder Audiodateien