Karl Stammer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Charles Stammer)
Karl Stammer
Gebuer 29. Februar 1828
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Juli 1893
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist

De Charles (Karl) Stammer,[1] gebuer den 29. Februar 1828 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Juli 1893 zu Rolandseck,[2] war e lëtzebuergesche Cheemiker.

Hie war de Fils vum Heinrich Stammer (1785-1859),[3] Professer am Kolléisch. Hien huet vun 1846 un zu Bonn, Gießen a Berlin Naturwëssenschafte studéiert an 1850 zu Berlin mat enger Aarbecht iwwer d'Reduktioun duerch Kuelenoxidgas (CO) promovéiert (Dr. phil.).[4]

Zu Gießen, wou de Stammer am Wantersemester 1848/49 ageschriwwe war, huet hien dem Justus Liebig seng Course suivéiert.[5] Hien ass ee vun deenen zwéi lëtzebuergesche Schüler vum Liebig; deen anere war de Jos Namur.

Vun 1857[6] un war de Stammer eng länger Zäit Professer an enger technescher Schoul, der "Provinzial-Gewerbeschule",[7] zu Münster. Spéider gouf hien de Chef vun enger Zockerfabréck an der Noperschaft vu Breslau a Schlesien; et handelt sech warscheinlech ëm d'Fabréck vum Carl vom Rath († 1904)[8] zu Koberwitz (haut Kobierzyce).

De K. Stammer huet Artikele geschriwwen iwwer vill verschidde Sujeten, ë. a. : Stéckstoffbläioxid, Kallekgehalt vu Knachekuel, Liichtkraaft vum Holzgas, Liichtgas aus Truff, Chimie an Technologie vum Zocker. Hien ass den Auteur respektiv Editeur vun enger Rei vu Monographien an hie war och den Editeur vun Zäitschrëften, déi sech mat der Zockerfabrikatioun befaasst hunn, ë. a.: "Jahres-Bericht über die Untersuchungen und Fortschritte auf dem Gesammtgebiete der Zuckerfabrikation", "Taschenkalender für Zuckerfabrikanten" an "Zeitschrift des Vereins für die Rübenzucker-Industrie des Deutschen Reichs".

Publikatioune vum Karl Stammer (Auswiel)[9][änneren | Quelltext änneren]

  • De oxidi carbonici vi reducendi. Berolini, Schade, l850, 39 S. (Inaugural-Dissertatioun).[10]
  • Leitfaden bei den praktischen Arbeiten im chemischen Laboratorium. Braunschweig, F. Vieweg und Sohn, 1854, XIV, 88 S.
  • Chemisches Laboratorium. Anleitung zum Selbstunterrichte in der Chemie. Gießen, J. Ricker, 1856, XI, 610 S.[11]
  • Tabellen chemischer Schemata zum Gebrauch beim Unterricht der anorganischen Chemie in 43 Wandtafeln. Braunschweig, 1857.
  • Lehrbuch der Physik. Lahr, M. Schauenburg, 1858-1859, 2 Vol.
  • Traité complet théorique et pratique de la fabrication du sucre. Guide du fabricant. Paris, Lacroix, 1871, VI, 504 p.
  • Lehrbuch der Zuckerfabrikation. Braunschweig, Vieweg, 1874. XXII, 888 S.
  • Wegweiser in der Branntweinbrennerei. Braunschweig, Vieweg, 1876, XV, 257 S.
  • Wegweiser in der Zuckerfabrikation vorzugsweise zum Gebrauch für Fabrikbeamte, Techniker, Siedemeister etc. Braunschweig, Vieweg, 1876, XI, 296 S.
  • Branntweinbrennerei und deren Nebenzweige: Ein Lehrbuch der Spiritus-, Branntwein-, Likör- und Presshefen-Fabrikation. Braunschweig, Vieweg, 1876, 830 S.[12]
  • Sammlung von chemischen Rechenaufgaben nebst Antworten und Auflösungen. Bd. 1-2. Braunschweig, 1878.
  • Traité complet théorique et pratique de la fabrication de la bière et du malt. Bruxelles, 1879, XXXIV-589 p. (zesumme mam Jules Cartuyvels).
  • Chemical Problems. Translated from the second German edition with explanations and answers, by W.S. Hoskinson. Philadelphia, P. Blakiston, Son & Co., 1885, 111 p.[13]
  • Lehrbuch der Zuckerfabrikation. 2. Auflage. 2 Textbände und Tafelteil, zus. 3 Bände. Braunschweig, Fr. Vieweg 1887.
  • Der Dampf in der Zuckerfabrik. Bd. 1,[14] Magdeburg, Rathke, 1891: XII, 344, 198 S.; Bd. 2, Magdeburg, Rathke, 1894, 301 S. (aus dem Nachlaß hrsg.).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus (1893): Biographische Mittheilungen. Leopoldina 1893, Hft. 29: 159-164.
  • Blum, M. (1981): Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 p.
  • Fruton, J.S. (1988): The Liebig research group. A reappraisal. Proceedings of the American Philosophical Society, 132 (1): 1-66.
  • Gurlt, E. (1894): Medicinisch-naturwissenschaftlicher Nekrolog des Jahres 1893. Virchows Archiv für pathologische Anatomie und Physiologie für klinische Medicin, Bd. 135, Hft. 3: 537-574.
  • Kössler, F. (1976): Register zu den Matrikeln und Inscriptionsbüchern der Universität Giessen WS 1807/ 08 - WS 1850. Berichte und Arbeiten aus der Universitätsbibliothek Giessen, 25: I- IV, 1-221.
  • Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558.
  • Rossiter, M.W. (1975): The emergence of agricultural science. Justus Liebig and the Americans. New Haven, Yale University Press, XIV-275 p.
  • Schwedt, G. (2002): Liebig und seine Schüler. Die neue Schule. der Chemie. Heidelberg, Springer Verlag, 282 S.
  • Wankmüller, A. (1967): Ausländische Studierende der Pharmazie und Chemie bei Liebig in Gießen. Deutsche Apotheker-Zeitung, 107 (14): 463-467
  • Wankmüller, A. (1981-1982): Studenten der Pharmazie und Chemie an der Universität Gießen von 1800 bis 1852. Beiträge zur Württembergischen Apothekengeschichte, 13 (1980-1982): 54-64, 95-96, 121-128, 148-160.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 1992, S. 486 (Corrigendum: 2. Kol., 7. Zeil: lies "Münster" amplaz "München").
  2. Anonymus 1893 [1], Gurlt 1894. - An enger Foussnott (S. 85) am Artikel vu G. Mannes & R. Muller: 'Und in der That hilfst du uns stäts als treuer Landesvertheidiger': Charles-Gérard Eyschens Briefe an Karl Stedmann (1826-1855). Hémecht 61(1), 2009, S. 5-90, heescht et, de Karl Stammer wier den 20. Juli 1893 zu Düsseldorf gestuerwen (eng Source gëtt net zitéiert).
  3. Cf. P. Grégoire (1966): Pädagogenprofile. Luxemburg, St.-Paulus-Druckerei, S. 77-199.
  4. Anonymus 1893, S. 160
  5. Wankmüller 1967; Rossiter 1975, S. 89; Kössler 1976, S. 186; Wankmüller, 1981-1982, S. 150, Nr. 624; Fruton 1988, S. 57.
  6. Schwedt 2002, S. 276
  7. Gurlt 1894, S. 558.
  8. Cf. http://en.wikipedia.org/wiki/Vom_Rath
  9. Blum 1981, S. 493, an Internet-Recherche. Kuckt och: J.C. Poggendorff (1863ss): Biographisch-literarisches Handwörterbuch zur Geschichte der exacten Wissenschaften.
  10. Bibliothèque nationale Luxembourg, Fonds ancien luxembourgeois, Cote LA 26104 [2]
  11. download: http://www.archive.org/details/chemischeslabor00stamgoog
  12. download: http://www.archive.org/details/branntweinbrenn00stamgoog
  13. download: http://www.archive.org/details/chemicalproblems00stamrich
  14. download: http://www.archive.org/details/derdampfinderzu00gaergoog